Op der Säit vun der Stad, do wou ënnendrënner d’Skaterpist ass, kënnt eng zousätzlech Protektioun drop, déi soll Suicidë verhënneren. Alles wat Ponts et chaussées hei schaffen, gëtt vun der Stad Lëtzebuerg, dem Service des Sites et monuments an der Unesco ofgeseent, sot den zoustännege Minister e Sonnden an eisem Journal. Well och wann d’Al Bréck fir sech eleng net Patrimoine mondial vun der Unesco ass, gëllt deen internationale Schutz awer fir dee ganze Site.
Dee Site hei ass ee vun 1.121, iwwer déi d’Vereenten Natiounen d’Hand halen, ewell schonn zënter 25 Joer. Nieft der Unesco sinn och Sites et Monuments am Asaz a beobachten dëst 2. Méi-breet-Maache vum Viaduc. Mat 160 Joer kritt deen elo Stäipen an Y-Form.
Bis elo wier effektiv alles gutt gaangen, soen eis Patrimoine-Spezialisten, déi ugangs bei der Neier Bréck gezéckt haten. Och déi Al Bréck wier als Bauwierk wäertvoll, kéint awer absolut op eng douce Aart a Weis un d’Besoine vun haut ugepasst ginn.
Wann Unesco drop stéing, wier och Unesco dran, kréie mir erkläert, egal wat dierft kee maachen, wann et ëm Patrimoine géing.
D’Gelänner hei uewen dierft a sollt natierlech geséchert ginn. Kee Problem, esou laang et Unesco konform wier. Dat gëllt fir dat provisorescht a fir dat vläicht definitiivt.
Déi Al Bréck wier ouni Zweiwel e Stéck Patrimoine, seet de Robert Philippart, dee säin Avis op Paräis bei d’Unesco geschéckt huet.
“D’Unesco ass kee Label, d’Unesco ass e Schutz.” Wann e Site zum Patrimoine Mondial géif gehéieren, misst een d’Meenung vun der Unesco respektéieren, sou de Robert Philippart, “Unesco Site Manager” fir de Site vum Patrimoine Mondial vun der Stad Lëtzebuerg an Expert associé an der Unesco-Kommissioun.
RTL (04.11.2019): “De Minister François Bausch huet déi “Al Bréck” offiziell fir Busser opgemaach”
RTL (14.09.2016): “De Stater Viaduc soll securiséiert ginn”
Portail des travaux publics: “Elargissement du pont “Passerelle""