En neit Verkéierskonzept soll de Kordall entlaaschten. Betraff sinn d’Gemengen Déifferdeng, Péiteng, Suessem a Käerjeng. Dat si ronn 80.000 Awunner.
Zanter zwee Joer schaffen déi eenzel Gemengeresponsabel un dësem Plang. An enker Zesummenaarbecht mam Mobilitéitsministère a Ponts et Chaussées. De Contournement vu Käerjeng wäert an dësem Konzept en Deel vum Puzzle ginn. Déi aktuell Versioun vun der Ëmgeeungsstrooss gesäit jo vir, datt d’Firma “Saint-Gobain” zu Diddeleng soll eng nei Plaz kréien. Do wou aktuell d’Entreprise ugesidelt ass, soll spéider de Contournement laanschtgoen, fir op der N5 bei Schuller erauszekommen.
Aus den Uertschafte soll de Schwéier- a Bustransport erausgeholl ginn. D’Leit aus dëse véier Uertschafte sollen en Deel Liewensqualitéit zréckkréien. Zuch, Bus a Vëlo solle méi Gewiicht an der Mobilitéit kréien. E wichtegen Deel vun dësem Konzept ass och de Boulevard de l’Europe zu Péiteng. Des Strooss soll vun zwou op véier Spueren ausgebaut ginn. Dat géif den Trafic duerch Péiteng eraushuelen. Virun allem, well een hei am Dräilännereck mat villem Duerchgangstrafic geplot ass.
D’Responsabel vun de véier Gemenge kréien Ënnerstëtzung a gréng Luucht vun der Ministesch Yuriko Backes an de Verantwortleche vu “Ponts et Chaussées”. D’Gemengeréit hunn Abléck an d’Pläng kritt. Informatiounsowender fir d’Awunner aus de Gemengen Déifferdeng, Péiteng, Suessem a Käerjeng sinn och virgesinn.