Zanter ugangs der leschter Woch funktionéieren déi Rout Luuchten am Rond-point Diddeleng/Bireng. Si goufen installéiert mat der Hoffnung, dass den Trafic duerch den zweetgréisste Kreesverkéier aus dem Land besser derduerch kënnt. Ausserdeem hunn déi Responsabel vu “Ponts et Chaussées” d’Stroosseféierung adaptéiert.
Am September 2025 goufe schonn éischt Preparatiounsaarbechte fir d’Installatioun vun de Roude Luuchte virgeholl. Vum 2. Mäerz 2026 un huet d’Stroossebauverwaltung du wärend e puer Wochen am Rond-point geschafft.
RTL-Informatiounen no hätten dës Mesurë bis ewell awer keng wierklech Verbesserung bruecht. Déi éischt Deeg hätt sech e laange Stau forméiert. Deelweis zréck bis an d’Lëtzebuerger Strooss vun Diddeleng. Och bis a Beetebuerg eran hätten d’Autoe gestanen. Haaptsächlech wärend dem Beruffstrafic.
Enn Abrëll 2021 gouf den neie Rond-point zu Diddeleng inauguréiert. Vu Mee 2016 bis Abrëll 2021 gouf de Kreesverkéier beim Staatslabo gebaut. 51 Milliounen Euro hunn d’Aarbechte kascht. Scho wärend dem Bau gouf geplangt, de Rond-point spéider mat Roude Luuchten ze reegelen. D’Emplacementer heivir goufen deen Ament scho virgesinn.