Effektiv hat alles 1926 mam Visionär Nicolas Graas ugefaangen. E Päerdshändler, dee sech op de laange Wee an d’USA gemaach huet, do den Henry Ford gesinn huet Autoen um Fléissband bauen. Et gouf eng Concessioun negociéiert an esou sinn di éischt Ford-Modeller op Lëtzebuerg komm.
Ugangs de 1970er Joren ass een zum gréisste Concessionnaire vu Ford-Europe avancéiert, ënnert dem Numm Euro Motor um Kierchbierg.

Aus der Mercier Strooss goung et nämlech 1974 op d’gréng Wiss. Zu deem Zäitpunkt stoung um Kierchbierg nach kee Gebai, an esou gouf een am Ufank bewonnert, fir dee Courage.
An de 1990er Joren huet e sech dunn och nach zu Esch etabléiert, fir sech do op US-Importer ze spezialiséieren. Mee et blouf net dobäi.
1990 gëtt e Concessionnaire fir Honda, 1994 Hyundai. 2005 koum Isuzu nach dobäi, 5 Joer drop da Ssang Yong, wat haut KGM Korean Group Mobility ass.
An et goung monter viru mat 2011 Suzuki am Showroom, Mitsubishi 2014, 2017 dunn och Subaru, a scho virun 8 Joer hat e schonn chineesesch Modeller am Viséier, bis haut.
Bei de Motorrieder sinn et Kawasaki, Honda, Suzuki a SYM.
Autodis a Motodis an Zuelen
Op deenen an tëscht 3 Sitten, Esch, Miersch an am GRIDX zu Wickreng schaffe 55 Leit, déi 17 Marke betreien. Eng 1.000 Autoen an 800 Motoen gi pro Joer verkaf.
Aktuell huet een d’Exklusivitéit fir di koreanesch Mark KGM a di chineesesch Maxus-Modeller.
De CEO vun Autodis, Marco Graas, ass och mat 75 Joer nach all Dag am Betrib, leet d’Geschécker a betount, dass een nach ee vun den eenzegen Lëtzebuerger Importateuren an deem Secteur wär.

“Made in China” maachen an tëscht hei 70% vun de Venten aus. Virop Modeller vun Omoda an Jaecoo.
100 Joer Grupp Graas gouf leschten Dënschdeg mat Famill, Frënn, dem Staff an de Cliente gefeiert. A geprost gouf net nëmmen op di 100, mee och op di 75 vum Marco Graas, well deen hat nämlech och Gebuertsdag. Seng Passioun fir den Automobil géif weiderhi bestoe bleiwen, war vun him ze verlauschteren, an dass e Mustang Cabrio säin Dramauto bleift. An dee kënnt jo, wéi den Ursprong vum Grupp, vu Ford.
