
Hei drënner nach emol fir nozeliesen eise “Witz” vum 1. Abrëll 2022:
Ënner deenen 13 Petitiounen, déi bis de 14. Abrëll op d’mannst 4.500 Ënnerschrëfte brauchen, gehéiert och déi, fir d’Stoppschëlder am Land ze ersetzen.
Et ass e richtegen Nationalsport ginn, fir eng Petitioun bei der nationaler Petitiounskommissioun eranzereechen. Déi gëtt dann um Site vun der Chamber online gesat a wa se déi néideg Unzuel un Ënnerschrëften erreecht, gëtt se ëffentlech debattéiert.
Ënner deenen 13 Petitiounen, déi bis de 14. Abrëll op d’mannst 4.500 Ënnerschrëfte brauchen, gehéiert och déi, fir d’Stoppschëlder am Land ze ersetzen. D’Stoppschëld oder “Stoptafel” wéi se an Éisträich heescht, huet iwwerall déi selwecht Bedeitung an déi aachteckeg Form ass international, och wann den Text net iwwerall identesch ass.
De Luc Marteling, den Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, confirméiert, dass d’Schreifweis zu Lëtzebuerg de Reegelen no falsch ass.
“Jo kloer, dat muss natierlech STOPP sinn, mat PP um Wupp, wéi de Stopp op der Fläsch, dee bremst jo och eppes. Stopp mat 2 P wier net nëmmen orthographesch korrekt, well e kuerze Vokal brauch jo 2 Konsonanten hannendrun, et wier och vill méi kloer. Ech sinn zum Beispill ëmmer irritéiert, wann ech Auto fueren an dann “Stop” liesen.”
Déi éischt Stoppschëlder gouf et 1915 zu Detroit an den USA an do gouf nach experimentéiert. Fir d’éischt wäiss Schëlder mat schwaarzer Schrëft. Vun 1924 bis 1954 giel Schëlder mat schwaarzer Schrëft an elo huet sech dat englescht STOP mat rout a wäiss zimmlech iwwerall duerchgesat.
De Paul Hammelmann, de President vun der Sécurité routière, kéint awer mat der neier Propos liewen, déi mat sech bréngt, dass am ganze Land d’Schëlder ersat géifen a gesäit och en edukative Charakter an dat net just wéinst der Schreifweis.
“Ma ech fannen dat eng ganz gutt Iddi, virun allem well et eng nei Iddi ass an eng nei Initiativ. A well am Stroosseverkéier alles, wat nei ass, den Avantage huet, dass et erëm méi konsequent respektéiert gëtt. An dofir fanne mir all Initiativ, déi an déi Richtung geet, dierf eppes kaschten, well d’Accidenter kaschte vill méi an hei geet et ëm Mënscheliewen.”
Op eis Nofro hi wollt den Transportminister François Bausch sech nach net äusseren, wéi de Ministère zu dëser Iddi agestallt ass, well do jo och héich Käschten drun hänken.
Fir d’éischt muss déi respektiv Petitioun jo och emol de Quorum vu 4.500 Ënnerschrëften erreechen, fir dass en Debat public organiséiert gëtt.