Op der PompelNom 95er Bensinn an Diesel gëtt och den 98er méi deier

RTL Lëtzebuerg
Vun Hallefnuecht un ass et beim 98er Bensinn eng Hausse ëm 5,4 Cent de Liter.

E Freideg klëmmt de Präis fir den 98er Bensinn op der Pompel. E gëtt 5,4 Cent de Liter méi deier a kascht deemno dann 1,898 Euro de Liter.

95er an 98er Bensinn ware schonn e Mëttwoch ëm 5 Cent méi deier ginn. Beim Diesel war et souguer eng Hausse vu bal 11 Cent. Diesel, 95er a Masutt bleiwen e Freideg allerdéngs onverännert.

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

© RTL-Grafik

Back to Top
CIM LOGO