Nëmmen op engem Zebrasträifen eriwwergoen, lénks a riets kucken ier een eriwwer geet a sech am Auto ustrécken. Wéi ee sech richteg am Stroosseverkéier verhält, kann net fréi genuch geléiert ginn. Zënter de 60er Joren organiséieren d’Sécurité Routière an d’Police zesummen en Theaterstéck, fir de Kanner ebe grad dat bäizebréngen. D’Geschicht a Personnagë ginn ëmmer rëm ugepasst, mee d’Messagë bleiwen déi selwecht. Zënter Januar leeft dat neit Theaterstéck “Wien huet de grénge Männche geklaut? An et kënnt gutt un, ganzer 100 Seancë ginn uechter d’Land gehalen. Zilgrupp si Kanner tëscht 4 a 6 Joer.
Kanner sollte schonn a jonkem Alter fir d’Geforen op der Strooss sensibiliséiert ginn, dat seet de President vun der Sécurité Routière Paul Hammelmann:
“Majo well et do scho méiglech ass dass d’Kanner eleng op de Schoulwee ginn. An da mussen se wësse wéi een iwwer d’Strooss geet, wéi een eng rout Luucht muss interpretéieren. Et geet awer och e bëssen drëm fir Respekt virun der Police ze kréien. Ech menge wann der d’Statistike gesinn hutt déi d’Direktioun gëschter bruecht huet dann ass dat méi wéi néideg. D’Police ass do fir ze hëllefen. A fir ze maachen dass d’Gesellschaft funktionéiert a wat een dat méi jonk léiert wat ee besser kann domat eens ginn.”
Dem Paul Hammelmann no kéint Theaterstéck de Kanner op spilleresch Aart a Weis déi wichtegst Informatioune mat op de Wee ginn. Informatiounen, déi och fir d’Eltere kënnen nëtzlech sinn. D’Verkéierspolizist-Marionett Poli huet do nach eng Recommandatioun fir d’Elteren:
“Ech géing den Elteren uroden, well moies schonn ëmmer sou vill Trafic bei de Schoulen ass wann hir Kanner d’Méiglechkeet hunn sollen se och mam Bus oder mam ëffentlechen Transport an d’Schoul komme well dann ass dat och méi sécher fir déi aner Schoulkanner.”
Wéi geféierlech d’Kanner hire Schoulwee fannen, dat dat hu mir och Kanner zu Walfer gefrot:
“Ech muss iwwer d’Strooss mee ech fannen dass et net geféierlech ass. Ech fannen et zimmlech einfach”
“Ech kommen ëmmer mat menger Mamm mam Auto an da waarden ech op meng .”
Kolleegen“Guer net, ech ginn ënner der Strooss an da kommen ech bei d’Turnhal.”
Der Sécurité Routiere no wier et wichteg sécher Zebrasträifen ze amenagéieren, déi mam Code de la Route konform a gutt visibel sinn. Eng aner Méiglechkeet wier et dass méi 30er Zonen agefouert ginn.