Automag - Éischt TestkilometerCupra Raval

Rich Simon
Cupra traut sech beim Design ëmmer en Tick méi aggressiv ze sinn, wéi d'Familljememberen aus dem VW-Konzern, an dat kënnt gutt un.

Op dëser Plaz schwätze mir dacks iwwer nei Autosmarken, déi op de Marché kommen. Meeschtens sinn dat dann Autoen aus China. Eng relativ nei Mark ass och Cupra. An déi kennt net aus China. D‘Gamme vu Cupra ass elo mam Raval méi grouss ginn. Aus eiser Automag- Redaktioun, huet de Rich Simon de Raval getest. De wéivillte Modell ass de Raval dann?

Automag: Cupra Raval

Et ass de 6ten, also nach relativ iwwersiichtlech. Bis elo gouf et de Born, de Leon, den Terramar, den Tavascam an de Formentor. Déi zwee leschtgenannte sinn ech schonns gefuer an elo war et um Raval. Et ass dee klengste Modell, dee Cupra an der Gamme huet. Logescherweis dann och dee klengsten elektreschen. D‘Gréisst vum Auto kann ee mat der R5, respektiv dem neien VW ID.Polo vergläichen.

© Rich Simon

Wann ech richteg informéiert sinn, huet Cupra jo een Zesummenhang mat VW…

Et ass effektiv de selwechte Konzern. An deem Grupp ass Cupra awer eng eegestänneg Mark. An dat mierkt een och. Cupra steet einfach fir ee futuristeschen, wärend VW dach éischter fir de klasseschen Design steet. Beim Cupra Raval kënnt awer och déi sougenannte MEB+ Plattform zum Asaz, déi och schonns bei Audi, VW oder Škoda fir eng besser Autonomie a méi séiert lueden, soll suergen. Domadder wëll een der chineesescher Konkurrenz d‘Stier bidden.

© Rich Simon

Du hues den Design schonns ugeschwat. Fält deen dann op?

Ech géif mengen Jo. Ech muss soen, datt ech ee klenge Fan vu Cupra sinn. Si traue sech am Design Saachen, iwwer déi bei anere Marken knapps nogeduecht gëtt. Seele ginn et vill Ënnerscheeder vum Concept Car, bei déi definitiv Versioun, déi dann iergendwann am Showroom steet. An déi Rechnung schéngt opzegoen.

© Rich Simon

Beim Raval dierft dat de Fall, bei enger relativ jonker Clientèle, sinn. Den Auto straalt nämlech engersäits Sportlechkeet aus, a Verbindung mat enger gewëssener Aggressivitéit, ouni datt dës awer protzeg eriwwer kënnt.

© Rich Simon

Zeechent déi Sportlechkeet sech dann och op der Strooss aus?

Dat ass definitiv de Fall. Jiddwerfalls bei der Top Versioun (VZ), déi wärend dem Test zu Verfügung stoung. Aus der Batterie kommen 166 kW, dat sinn 226 PS. Fir een Auto, dee grad emol 4.046mm laang ass an 1.615 Kilo op d‘Wo bréngt, ass dat schonns zimmlech gutt am B-Segment. De Sprint op 100 ass a 6,8 Sekonnen gepackt. D'VZ-Versioun ass 15 Millimeter méi déif geluecht. An der Kombinatioun mat den 19 Zoll Rieder, brauch ee sech net vill Gedanken iwwer Enner- respektiv Iwwersteieren ze maachen. D'Spëtzevitess läit bei 175 Kilometer an der Stonn.

© Rich Simon

Zum Schluss dann nach de Verbrauch an d‘Präisser…

D'VZ-Versioun, huet eng offiziell Autonomie vum 379 Kilometer bei enger Akku-Kapazitéit vun 52 kWh. De Verbrauch soll tëscht 13,8 a 16,2 kWh leien. Dat ass awer optimistesch geduecht. D‘Batterie konnt ech net ganz ausreizen, dofir war Testfaart ze kuerz. Bei engem Test iwwer puer Deeg, dierft een ee méi genauen Wäert kréien. Reell schätzen ech d‘Autonomie op 320 Kilometer an. An de Verbrauch dierft sech bei 17,5 kWh apendelen. Am Konfigurator vu Cupra Lëtzebuerg geet et fir de Raval Plus bei 28.520 Euro un, fir de VZ bei 33.490 €.

© Rich Simon

De Cupra Raval um Internet

Back to Top
CIM LOGO