Tram Richtung StroossenChamber stëmmt Gesetz iwwer d’Tramsstreck "Stäreplaz - CHL"

Monique Kater
E Mëttwoch huet d'Chamber de Projet de Loi iwwer d'Verlängerung vum Reseau vum Tram, vun der Stäreplaz erop bei de Centre Hospitalier gestëmmt.
Chamber stëmmt Gesetz iwwer d’Tramsstreck "Stäreplaz - CHL"
E Mëttwoch huet d'Chamber de Projet de Loi iwwer d'Verlängerung vum Reseau vum Tram, vun der Stäreplaz erop bei de Centre Hospitalier gestëmmt.

Am Mobilitéitsplang war just riets vun enger eventueller Bus Gare, op deem Site. Elo ass et awer offiziell: et  kënnt en Tramsarrêt bei d'Maternité an dann en zweeten, op Stroossener Territoire, op de Parking vum fréiere Batiself. Déi bal 4 Hektar gehéieren engem private Proprietär, dee senge Locataire gekënnegt huet.

Si wier weder am Comité Politique vu Luxtram, nach géif si hiert Mandat als Deputéiert mat hirem Job als Geschäftsfra vermëschen, seet d'Corinne Cahen, Rapportrice vum Projet de Loi. Dass den Tram bis erop op d'Grenz mat Stroosse wäert fueren, gouf scho laang gesot. De respektive Projet de Loi gouf awer elo eréischt gestëmmt.

Trams-Arrêt um Territoire vu Stroossen elo offiziell 

2032 stinn éischt Tester um Programm. D'Joer drop wëll Luxtram dann d'Leit bis bei de Centre hospitalier de Luxembourg erop transportéieren. Dat Ganzt wier awer elo emol provisoresch, well als nächst Etapp wier d'Streck erof op Märel um Programm. E klenge Rappel: den Tram bleift op der Areler Strooss op der Strooss, fir vun der Rue des Foyers un ënnert dem Buedem ze fueren.

De Geschäftsleit vun där anerer Säit vun der Federspiel Strooss – déi mécht d'Grenz tëscht der Haaptstad a Stroossen - do wou de Batiself war an eng ganz Partie anerer Geschäfter nach sinn, ginn deels d'Schudderen aus!

D'Geschäfter kruten hire Bail gekënnegt

Enn dës Joers ass et eriwwer. Si krute gekënnegt. De Roller zitt sech zum Beispill ganz zréck aus dem Land. De Chef vum Salon Figaro net. Hie plënnert niewendrun, well e muss a well en d'Moyenen huet, eppes ze kafen. Him wäerten d'Parkplaze feelen, déi fir d'Clienten a seng Mataarbechter zu Verfügung stoungen

Firwat gekënnegt kréie wann de Chantier net virun 2029 ufänkt?

Et ass e private Proprietäre, eng Belsch s.a.r.l. mam Numm Boomerang, déi d'Soen huet. 250.000 Euro huet de Steve Sanna a säi Salon investéiert, wou en 8 Joer geschafft huet. Clientèle, Parkplazen, 6 Leit Personal. Den Tram elo awer verännert esou munches.

Wéini wat genee leeft, weess hien net, ob de Staat déi bal 4 Hektar iwwerhëlt, ass bis ewell offiziell net bekannt.

Eng Indemnitéit kréich hie keng, dat ass dem Steve Sanna bewosst. An dat obschonns d'Gebai vum fréiere Batiself dee ganze Site géing verschampeléieren an eng ganz Rei Clienten, wéinst der Annonce, d'Geschäfter géingen zoumaachen, géife fort bleiwen.

2029 kéint et lass goen, mat den Aarbechten, wéini genee, weess och de Stroossener Buergermeeschter net! Wat de Nico Pundel awer weess,  ass dass en Neimaache vum PAG an d'Ausschaffe vum PAP, wäert daueren. 

Back to Top
CIM LOGO