Deen een oder aneren dierft sech gewonnert hunn, wisou de Bensin an den Diesel nach net méi deier gi sinn. Zanter dem 1. Mee sinn d’ Accisen op de Pëtrolsproduiten ëm ee respektiv zwee Cent geklommen. Op der Pompel sinn d’Präisser bis op Weideres onverännert.
Vill a kontrovers ass driwwer geschwat ginn. Ënnert anerem fir datt Lëtzebuerg d’Klima-Ziler kann erreechen, sinn d’Accisen op de Pëtrolsproduiten op den éischte Mee geklommen, esou steet et am Regierungsaccord. Zu Lëtzebuerg gëlle Maximalpräisser an hei géif et e gewëssene Korridor ginn, fir datt d’Präisser net all Dag geännert musse ginn, esou den Tom Eischen vum Energieministere.
Wéi entsteet de Präis?
D’Haaptkomponent ass de Produktiounspräis, wéi en op der Bourse gehandelt gëtt. En anere Käschtefacteur ass den Transport, de Stockage, den 3. Block sinn d’Accisen an déi 4. Komponent ass d’TVA vu 17 Prozent, déi op déi aner Käschten opgerechent gëtt.
Wat geschitt mat de Méi-Recetten?
Engersäits fléissen dës Méi-Recetten an de Staatsbudget an zum aneren Deel an de Klima-Fong.
RTL-NEWS: STATEC - Wéi een Impakt huet d’Hausse vun den Accisen um Sprit?
RTL-NEWS: Groupement Pétrolier - Pëtrolssecteur virun ongewësser Zukunft.
RTL-NEWS: Mouvement Ecologique - Erhéijung vun den Accisen huet keen Effet op Klimapolitik.