
Aktuell ginn et 24 fix Radaren zu Lëtzebuerg. D’lescht Joer goufen insgesamt 282.703 Avertissements taxés verdeelt. Dovunner waren der 272.102 an Héicht vun 49 Euro an der 10.601 an Héicht vun 145 Euro. 2.023 Délits de grande vitesse goufe registréiert.
De Mobilitéitsministère huet awer och eng Top-10-Lëscht publizéiert, wou tëscht 2016 an 2020 am dackste geblëtzt ginn ass.
D’Top 10 vun de fixe Radaren:
1. Schieren: 241.585 (Avertissements taxés)
2. Märel: 172.333
3. Lëpschent: 89.200
4. Gonnereng: 69.616
5. Schlammestee: 45.724
6. Lalleng: 40.310
7. Duerscht: 40.160
8. Niderterhaff: 29.147
9. Recken: 27.179
10. Rouscht: 16.147
Vu mobille Radare goufen am Ganzen 155.552 Gefierer geblëtzt, bei Radaren a Chantiere waren et der 98.152. Déi fix Radare maache ronn 78% vum Geblëtz aus, déi mobil 13,5 an déi op de Chantieren 8,5%.
De 15. Juni gëtt hei am Land dann och deen éischte Streckeradar a Betrib geholl. Dëse steet op der N11 tëscht dem Waldhaff a Gonnereng.
