An den leschte Méint a Wochen ass eng grouss Debatt ugaangen iwwert déi sozial Medien.

Mir lästere gären iwwert déi sougenannte Sozial Medien Facebook, X, Instagram an därer aus der neier Generatioun wei zum Beispill TikTok, Mastodon a Bluesky, dass se Schold u villem sinn an der haiteger Gesellschaft. Dëst besonnesch elo am Kontext, vun den Walen an Amerika an an Däitschland, wo hire Ruff nach méi a Fro gestallt gouf.

Carte Blanche vum Marc Hostert

Allerdéngs bei méi enger genauer Analys an och enger méi kritescher Selbstbetrachtung musse mer eis agestoen, dass dës nei publizistesch Instrumenter net Schold un allem sinn.

Ass et net och den immensen Drang no Opmierksamkeet vu jidderengem Eenzelen an d’Kompetitioun tëscht den Eenzelen, fir nach ëmmer méi Opmierksamkeet ze kréien, deen de Moteur vun dësem Trend ass?

Dat Gefill: “Och ech hunn eng Meenung a kann a muss déi matdeelen” ass bei ville vun eis bal triebhaft verwuerzelt.
Dësen Drang ass et awer scho laang virun de soziale Medie ginn. D’Vehikel fir dësen Drang auszeliewen si selbstverständlech déi sozial Medien.

Den Drang sech matzedeelen, wiisst ganz sécher duerch dës nei Vehikel an d’Onendlecht an hëlt bal scho gigantesch Ausmoossen un. Jidder Eenzele wëll zu allem an nach vill méi seng Meenung deponéieren, eraus jäizen a gëtt esou all Dag zu engem Expert an enger anerer Matière.

D’Kréinung ass, wann een op verschidde soziale Medien en extrae Statut kritt, wei zum Beispill dee vum Influencer. E Statut ouni Ausbildung, Autorisatioun an ouni Kënnen.

Donieft  verkenne mer heibäi, dass en Influencer kee Journalist ass, deen dach an engem definéierte Kader eng méi oder manner gutt Aarbecht mécht.

24/24 Stonnen, 7/7 Deeg kënne mer eis Kommentaren ofginn oder eist Gefill vun engem subjektiven Empowerment ausliewen, doduercher dass mer Kommentare liken, deelen oder och nees kommentéiere kënnen.

Duerch déi sozial Medie kritt all Couch patato d’Gefill, dass si mattendran ass, derbäi ass, dat hir nogelauschtert gëtt an dëst vun doheem aus an net um Stammdësch.

Deemno:

Sozial Medie si mir all!