"It’s the economy, stupid !"

D'Chambre de Commerce organiséiert de 16. September eng Rentrées-Konferenz iwwert demographesch, energeetesch an technologesch Transitiounen. Et geet drëms, wirtschaftlech Verännerungen ze verstoen an ze antizipéieren, zu Lëtzebuerg esou wéi an Europa. A virun allem gëllt et mat Zäiten ze handelen. Eng Carte blanche vum Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce.
"It’s the economy, stupid !", ënnert dësem Slogan huet d'Team vum Bill Clinton am Joer 1992 zum Walkampf opgeruff. De Slogan sollt d’Wieler drun erënneren, datt déi wirtschaftlech Entwécklungen eis Aarbechtsplazen, eis Kafkraaft, eis Steierrecetten, eise Sozialmodell, an eisen Alldag matbestëmmen. Dëse Slogan kéint an der Rentrée, déi elo bevirsteet, net méi aktuell sinn. Dofir huet d’Chambre de Commerce och fir seng grouss Rentrée’s-Konferenz, déi den nächsten Dënschdeg stattfënnt, dësen Titel gewielt.
Jo, ouni eng gesond an dynamesch Wirtschaftsleeschtung ass alles méi schwiereg. Dat gesi mir weltwäit: zum Beispill wann an Amerika de Jobmotor stottert, oder a China de Bannenkonsum schwächelt. Oder wann an eisen Nopeschlänner déi wirtschaftlech Situatioun derzou féiert, dass d’Steierrecette scho laang net méi duer ginn, fir déi schwéier Staatsapparater ze finanzéieren, an doduerch och d’politesch Agéiere schwiereg, an Handlungsspillraim ganz enk sinn.
Wei ass et dann zu Lëtzebuerg beim Thema Wirtschaftsentwécklung als Grondlag fir eise Wuelstand? Kloer Äntwert: bei wäitem méi schlecht wéi virum Covid. Tëscht 1990 an 2019 huet Lëtzebuerg am Duerchschnëtt pro Joer e Wuesstem vun iwwer 3,5% verzeechent. Zënter 2022 sinn et knapp nach iwwer 1% Wuesstem, an et goufen esouguer kuerz Rezessioun-Perioden.
Fir dass eis Wirtschaft erëm ka genuch Räichtum schafen, deen duerch eng effikass a gerecht Politik kann ëmverdeelt ginn, muss virun allem un dräi Erausfuerderunge geschafft ginn:
Éischtens: Déi demographesch Transitioun
Eis Bevëlkerung lieft glécklecherweis méi laang, den Undeel u Pensionäre klëmmt an eis Reserve wäerte séier schmëlzen, zemools wa mir kee Wirtschaftswuesstem méi hunn, a keng nei Aarbechtsplaze schafen. Ouni ambitiéis an nohalteg Ännerunge wäerten eis generéis Pensiouns-a Gesondheetssystemer net méi finanzéierbar sinn.
Zweetens: D’Ëmwelt- an Energie Transitioun
Eng Co2-Neutralitéit verlaangt massiv Investitiounen, industriell Innovatioun an Ännerunge bei eise Produktiouns-a Konsumgewunnechten. D’Transitioun ass eng industriell a strategesch Erausfuerderung an Opportunitéit, déi nëmmen kann duerch eng kohärent, realistesch a pragmatesch Politik bei eis an an Europa ëmgesat ginn.
Drëttens Déi digital an technologesch Transitioun
Kënschtlech Intelligenz, Daten an digital Wäertschöpfungskette spillen eng zentral Roll an der haiteger Weltwirtschaft. Mir mussen hei massiv investéieren an op eis bestoend Stäerkten zum Beispill bei der Cybersécherheet, Datenzentren an AI-Kompetenzen opbauen.
Bei dës grouss Transitioune kommen nach bekannten, awer nach ëmmer net geléiste Problemer derbäi, wei de Logement an de prozeduralen Opwand, och wann dru geschafft gëtt. Nei massiv Ausgabenlaaschte kommen an der Defense op eis duer. Fir dëst alles ënnert een Hutt ze kréien, brauche mir eng attraktiv, stabil an ambitiéis Politik, déi de Leit Vertrauen esou wéi de Betriber Planungssécherheet gëtt.
Nëmmen esou kann eis Wirtschaft dréinen a genuch Steierrecetten eraspullen. Konkret Ännerungen, Optimiséierungen an Upassunge bleiwen also weiderhin noutwendeg, och no de Moossnamen, déi no den dräi Reuniounen vum Sozialdësch vun der Regierung zréckbehale goufen.
Et läit e bësschen an der Natur vum Mënsch, dass een net wëll seng Komfortzon verloossen. Ännerungen a Reforme sinn net populär. Näischt maachen ass awer längerfristeg vill méi deier a riskéiert vill méi Schued an der Gesellschaft unzeriichten.
An dësem Sënn ginn d'Resultater vun de rezenten Diskussiounen tëscht Regierung a Sozialpartner wuel net wäit genuch. Si sinn awer trotzdeem eng Grondlag, fir des Rentrée sereinement unzegoen, a konsequent zesummen no vir ze kucken. Dat geopolitescht Ëmfeld an déi wirtschaftlech Situatioun bei eis an an Europa bidden eis och keng Alternativ.