D'Enn vum Lëtzebuerger Modell
De Budgets-Projet fir 2026 fousst op weider schwaache Performancë vun eiser Wirtschaft, mat engem Wuesstem, deen net méi un déi historesch Wäerter erukënnt.
Wärenddeem eis Staatsfinanze sech weider mat enger extrem staarker Dynamik entwéckelen, virun allem op der Ausgabesäit. Virun allem eis Sozialsystemer sinn an dëser Phas vu schwaachen Zuele vum Aarbechtsmaart ganz massiv ënner Drock geroden. Dat soll eis opmierksam maachen, seet de Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce.
Erliewe mir grad d'Enn vum Lëtzebuerger Modell? Dës provokativ awer berechtegt Fro stellt sech, wann ee faktuell d'Entwécklungen an eiser Wirtschaft a vun eisem Finanzéierungsmodell analyséiert. Virop gesot, denken ech net, dass et dem Sozialdialog, dee jo ee wichtege Bestanddeel vum Lëtzebuerger Modell ass, fundamental schlecht geet,
op d'mannst net um Niveau vun de Betriber.
Zanter knapp 5 Joer awer ass Lëtzebuerg beim Wuesstem nëmmen nach Duerchschnëtts-Schüler an der Eurozon, woubäi mir bei der Croissance vun de Staatsausgaben awer weider un der Spëtzt an Europa leien. De Lëtzebuerger Model, deen op engem staarke Wuesstem, engem dynameschen Aarbechtsmaart an engem generéise Sozialmodell
berout, geréit doduerch ëmmer méi ënner Drock.
Net vill Leit an eiser Gesellschaft kréien dat richteg mat, well de Pouvoir d'Achat trotzdeem nach ëmmer geklommen ass. Wat jo a sech gutt ass, wann déi doduerch méi verfügbar Suen och erëm an de Lëtzebuerger Wirtschafts-Circuit zréckfléissen. Dat ass awer an eiser klenger oppener Wirtschaft nëmme ganz begrenzt de Fall. Anerersäits geet
d'Aarmut net genuch zréck, well déi vill Sozialprestatiounen net gezilt genuch sinn an doduerch net ëmmer bei de richtege Leit ukommen .
D’Entwécklung vu Wirtschaft a Beschäftegung ginn net méi duer, fir genuch Steieren a Cotisatiounen ofzewerfen. Wéi solle mir nach eisen deiere Staatsapparat, eise generéise Sozialsystem - deen also nach ëmmer nom Géisskaneprinzip fonctionéiert – oder och nei Ausgabe wéi z.B. an d’Verdeedegung finanzéieren?
Virun allem an de Sozialkeese ginn d'Defiziter à terme ëmmer méi grouss. Hei fält virun allem op, wei séier dës Systemer aus dem Rudder lafen, soubal de Wuesstem vum Emploi net méi do ass.
Dat gëllt besonnesch fir eise Pensiounssystem. Bis 2070 klammen d'Ausgaben, déi mat der Alterserhéijung vun den Awunner zesummenhänken, ëm méi wéi zéng Punkte vum PIB. Keen anert Land aus der EU huet esou eng grouss Erhéijung, an dat obwuel Lëtzebuerg eng relativ gënschteg demographesch Ausgangspositioun huet. Fir kompetitiv an attraktiv ze bleiwen, muss Lëtzebuerg virun allem méi produktiv sinn, mat manner Ressourcë méi erwirtschaften, méi digitaliséieren, de Potential vun der Kënschtlecher Intelligenz voll notzen, an d'administrativ Prozedure méi séier vereinfachen. A virun allem muss Lëtzebuerg säin Triple A behalen.
Lëtzebuerg steet also op enger historescher Kräizung. Entweeder fënnt d'Land elo zu enger Kultur vu Budgetsdisziplin an -Effizienz zréck, andeems all d'Ausgaben evaluéiert ginn, Prioritéite gesat ginn och - a virun allem - bei eise Pensiounen a sozialen Ausgaben oder et setzt sech enger brutaler Korrektur aus, déi him vu baussen opgezwonge gëtt.
Mir brauchen deemno staark budgetär a politesch Entscheedungen, fir de lëtzebuergesche Modell z’erhalen. Déi lescht Méint hu gewisen: Dës Entscheedunge sinn net populär a wäerte sécher net all Wieler gefalen, mee se musse vun der Regierung esou séier wie méiglech geholl ginn, fir dass eis Wirtschaft déi Mëttele schaaft, déi mir brauchen, fir eise
Sozialmodell ofzesécheren an eng modern Gesellschaft nohalteg ze begleeden.