Iwwer Faschisten, déi sangen

De leschten Donneschden ass e Video viral gaangen, deen op der nordfrisescher Insel Sylt opgeholl gi war. Op deem Video sange warscheinlech däitsch Jonker op Lëtzebuergesch iwwersat "Auslänner raus" an "Däitschland fir déi Däitsch" op d'Melodie vun engem bekannte Partyhit.
Ee jonke Mann weist op deem Video de verbuedenen Hitlergrouss. Wat déi jonk op deem Video maachen, kann dem Pierre Jans no net als penibele Feeler, ënnert dem Afloss vun Alkohol, relativéiert ginn. Et weist, wéi wäit Rietsextremismus an Auslännerhaass an der westlecher Gesellschaft verbreet sinn.
Déi verwinnte relativ jonk Fraen a Männer an hire Sylt-Uniformen hu sech net an enger decontractéierter Atmosphär duerch ze vill Schampes an eng domm Situatioun bruecht a Saache gemaach, déi se méi spéit bereit hunn. Woubäi den Alkohol awer schonn eng Roll spillt an der Geschicht.
In Vino Veritas. Wann ee gedronk huet, kann et engem virkommen, dass een dat haart ausschwätzt - oder wéi an dësem Fall jäizt - wat ee wierklech denkt.
Déi jonk presuméiert Elite déi um Péngschtfeierdag op Sylt an engem Luxus-Etablissement auslännerfeindlech Parolle gesongen a gefeiert huet, ass auslännerfeindlech.
De Video huet mech schockéiert, awer net iwwerrascht. Am Mäerz hat e Sondage vum Institut Forsa gewisen, dass 14 Prozent vun den ënner 30 Joer ale Leit an Däitschland d'AFD wiele géingen. An Thüringen huet de Verfassungsschutz d'Jugendorganisatioun vun der Partei als "geséchert rietsextremistesch" klasséiert. Entweder sinn dausende jonk Erwuessener an Däitschland net iwwer déi rietsextrem Tendenzen an der AFD informéiert, oder et ass hinnen egal. Eng drëtt Méiglechkeet, déi ëmmer méi plausibel ass: si begréissen se.
Xenophobie ass en Trend. Rietspopulisten si méi ewéi aner Politiker op de soziale Medien aktiv. Virun allem op deene beléifte Plattformen wou kuerz Messagen mat einfache Proposen am beschte fonctionéieren. Déi traditionell, weltoppe Parteie musse sech hannerfroen. Si hunn et bis elo net fäerdeg bruecht, hir Iddien do verdaulech ze presentéieren, wou déi jonk Erwuessener sech ophalen.
Onappetitlech ass de Video vun de rietse Schnöselen, mä e widderleet ëmmerhin déi falsch Hypothees, dass virun allem Leit mat klenge Paien an niddregem Bildungsniveau eppes géint Auslänner kënnen hunn. Räich Elteren, e Studium an e Beruff schützen net virun Intoleranz. Och net zu Lëtzebuerg. An enger CEFIS-Etüd iwwer Rassismus goung ervir, dass méi ewéi all sechste Schüler Rassismus wärend senger Schoulzäit erlieft.
Et ginn och hei Leit déi vill hunn, a grad dowéinst fäerten ee kéint hinnen eppes ewech huelen. "Een", dat sinn am Sylt-Fall Net-Däitscher. Bei eisen Noperen huet dat ëmmer nach en anere Nogoût, och ouni dass e jonken Här nach den Adolf Hitler imitéiere muss.
En Thema dat an dëser Diskussioun, déi elo an Däitschland en neit Gesiicht krut, ëmmer matschwéngt: déi illegal Migratioun. Am EU-Walkampf an deemno och zu Lëtzebuerg gëtt driwwer debattéiert. Wann déi traditionell Parteien evitéiere wëllen, dass déi um rietse Bord bei de Wale reusséieren, mussen se hir Positiounen a Léisungsvirschléi gutt verkafen. Eng Geleeënheet dofir hu se nach e Sonndeg den Owend bei eis op der Tëlee, wann RTL déi lescht offiziell Table Ronde virun de Walen den 9. Juni diffuséiert. D'Migratioun ass ee vun de Sujeten.
No Sylt – wou mat Recht géint d'Persounen aus dem Video enquêtéiert gëtt - sinn iwwerdeems nach sëllegen aner Fäll bekannt ginn, wou déi ruckelzeg ëmgedichte Versioun vum iwwer 20 Joer alen Hit vum Gigi D'Agostino L'Amour toujours ëffentlech gesonge gouf. D'Lidd gëllt wuel als Code an der rietser Zeen. Egal wou et leeft, déi auslännerfeindlech Zeile kléngen elo mat. Dowéinst gëtt et wärend der Fussballeuropameeschterschaft an um Münchener Oktoberfest net méi gespillt. Faschiste bréngen et eben och ouni Feier fäerdeg, Kultur ze verbrennen.