
Am Internet ginn et, wéi op all Plaz wou Leit beienee kommen, Geforen. E Verbuet vu soziale Medie kënnt awer deem gläich, dass ee seng Kanner net méi virun d'Dier léisst, well ee fäert, dass hinnen eppes geschitt. Ironescherweis sinn déi Jonk awer haut och méi online, well d'Eltere méi fäerten, wa si dobaussen ënnerwee sinn. Elteren, déi selwer dacks mam schlechte Beispill virginn an d'Ecranen ze vill notzen.
Geforen am Internet fir Kanner a Jonker kënnen och vun Erwuessenen ausgoen, déi et guer net schlecht mengen. A Groussbritannien warnen d'Autoritéiten d'Elteren, keng ëffentlech Fotoe vun hire Kanner ze posten, well déi benotzt kënne ginn, fir mat KI illegale Contenu ze schafen. Enger franséischer Kannerschutzorganisatioun no komme souguer 50 Prozent vun de Fotoen op pedopornografesche Plattforme vu Poste vun den Elteren.
Sozial Medien hu problematesch Voleten an et gi Gefore fir Jonker am Internet. Desinformatioun, Mobbing, Trends déi en negatiivt Bild vum eegene Kierper fërderen, Suchtpotenzial, extremistesche Contenu, Pornographie, Grooming duerch Erwuessener, déi Saache musse seriö geholl ginn, dat heescht, de Contenu reglementéiert a Mediekompetenz enseignéiert ginn.
D'lescht Woch nach hu Parquet a Police virun engem geféierleche Phenomeen gewarnt, bei deem Jonker zu schlëmmen Dote gedréckt ginn. Wann et an esou Fäll duerch Lacunnen am Gesetz net méiglech ass, géint Täter virzegoen, mécht et natierlech Sënn do nozebesseren.
Op där anerer Säit dierf een net vergiessen, dass d'sozial Medien och positiv Voleten hunn. D'Schülerkonferenz CNEL, déi sech géint e Verbuet a fir eng méi staark Reglementatioun a Mediebildung ausschwätzt, weist drop hin, datt d’sozial Medien en "Deel vum soziale Liewen an der Informatiounskultur vu jonke Leit" sinn an "Austausch, Kreativitéit a gesellschaftlech Participatioun" erméiglechen. Op der Pressekonferenz vu Parquet a Police d'lescht Woch gouf ervirgestrach, dass Jonker, déi zu Minoritéite gehéieren, geziilt géingen als Affer ausgesicht ginn. Grad dës Jonker fannen awer och online eng Communautéit an Uschloss, déi si an hirem direkten Ëmfeld net hunn.
Et stellt sech och d'Fro, wat alles verbuede gëtt, wann net just Social Media, mee och Gaming Plattformen a klassesch Fore geféierlech kënne ginn. Et besteet och de Risiko, dass verschidde Jonker op nach méi obskuere Plaze vum Internet landen, well déi klassesch net accessibel fir si sinn, wärend anerer, déi an der physescher Welt keen Uschloss fannen, och an där virtueller keng Communautéit méi hunn. An domat wier och kengem gehollef.