Commentaire vum Roy GrotzD'Remontada: riicht an d’Mauer

Roy Grotz
D'Chifferen, och wa se aus engem Meenungs-Sondage sinn, léie net. D'Staatsminister-Partei an hir Regierungsmembere kommen net bei de Leit un, woubäi ee se net dierf alleguer an de selwechte Kuerf geheien. Datt awer de Chef ugeschloen an ugeschoss ass, wäert nach op Partei-intern strategesch Decisiounen en decisiven Afloss hunn, mengt de Roy Grotz a sengem Tëscheruff.
© RTL

Commentaire vum Roy Grotz: D'Remontada: riicht an d’Mauer

An dobäi wier dach alles sou flott gewiescht, sou flott, effikass, onkomplizéiert an ouni Péng fir Keen, sou wéi et sech de Luc Frieden jo ëmmer wënscht.

No der gelongener Tripartite an dem Evakuéieren vun alle waarme Gromperen, andeems de Staat sech de soziale Fridde mat Milliounen erkaaft huet, sollt de Stär vum fréieren Juncker-Dauphin nees héich an hell iwwert dem Grand-Duché blénken. Mee dee "Befreiungsschlag" war méi e Schlag an d'Waasser an de Premier muss sech weider mat der batterer 12. Plaz am Sympathie- a Kompetenz-Ranking zefridde ginn.

Zu Ankara, wou lo den Trio Bettel, Frieden a Backes beieneen ass, wäerte sech d'blo Ministeren ëm hire Kolleeg këmmeren a wuel heemlech ganz zefridde sinn, datt d'DP dräi Ministeren an den Top 10 huet an d'CSV mat der Agrar- a Sports-Queen Martine Hansen nëmmen ee Vertrieder.

Mee d'Situatioun ass méi eescht wéi nëmmen dëse Sondage-Spigel vum Wieler virun d'Nues gehalen ze kréien, well wann et an enger Koalitioun en Desequiliber zu Ongonschte vun engem Partner gëtt, dann entstinn Jalousien, et gëtt hannert dem Réck gestëppelt an den ficeléierte Fridden a Form vum Koalitiounsaccord ka mol séier fir de Schredder sinn.

Zwee Constaten also no der Politmonitor-Summer-Editioun: D'Regierung gëtt faktesch vun der DP gefouert, et kann Een och soen "virgefouert", a si all kënne berouegt an zefridden ouni Troublemakers à la Agostino a Schockmel, an d'Summervakanz jetten.

D'onpopulär Dossieren wéi Sécherheet, Finanzen, Sécurité Sociale, Aarbechtsrecht a Renten sinn fir d'CSV, déi dës och ugeet a kuckt z'evakuéieren, mam Resultat, dat mer zanter haut an de Pourcentagen kennen, woubäi de sozial-orientéierte Bord mat Spautz an Deprez zouleeë kann. D'Santésministesch souguer substantiell, wat weist, wéi staark dach d'Wieler un de sozialen Dossieren hänken an dat honoréieren.

D'Chiffere weisen awer och, datt z.B. e Wiessel un der Spëtzt vun der LSAP net wierklech fir positiv Tendenzen bei der gréisster an dichtegster Oppositiounspartei gesuergt huet, obwuel dach d'sozialistesch Traditiounsthemen déi lescht Wochen dominéiert hunn.

An de politeschen Monitor weist nach eppes: et muss een d'Leit gär hunn an de Wieler och nolauschteren, fir eng anstänneg Politik ze maachen, déi d'Strooss hält, amplaz sech wëlle mat debillen Videoen oder Fotoen op de soziale Reseauen wëllen ervirzedoen an en Scène ze doen.

Politiker sinn definitiv keng geléiert a scho guer keng gutt Acteuren a sollten dat léiwer de Profien iwwerloossen. Wat dem Premier seng Consultanten als nächst aus hirer Marketing-Këscht wäerten zauberen, léisst mech fäerte fir de Luc Frieden lo nach méi dacks bei Träpp-weis Kéi ze gesinn oder Crèchë besichen ze goen - dat ass awer guer net néideg. De Premier soll regéieren a seng Ekipp anstänneg leeden - sou gutt wéi hie kann. D'Remontada ass schif gaangen, ob de Parteipresidente-Kostüm deemnächst net och soll gewiesselt ginn, ass eng aner Fro.

Mee och d'Oppositioun brauch net ze déck opzetrompen a sech ze bretzen, well si null aus der Schwächt vun de Majoritéitspolitiker profitéiere kann. Mä vläicht ass jo dëse Sondage de Startschoss fir eng nei, éierlech Politik, déi de Wieler sou richteg eescht hëlt an net eréischt en Trimester virun de Walen entdeckt.

Back to Top
CIM LOGO