Commentaire vum Maxime GillenTankrabatt: Déi falsch Léisung fir de richtege Problem

Maxime Gillen
Zanter dem 1. Juli bezilt een zu Lëtzebuerg 5 Cents manner fir e Liter Diesel oder Bensinn. An dat net well de Präis um Marché gefall ass, ma well de Staat seng Accisen um Sprit bis Enn des Joers erofsetzt. Dëst ass eng vun de Mesuren, déi bei der Tripartite decidéiert goufen, fir d‘Präisdeierecht ze bremsen. Leider passt esou en Tankrabatt net bei déi aktuell Energiekris, fënnt d‘Maxime Gillen a sengem Commentaire.
© RTL

An, hutt Dir et scho gemierkt? Mir bezuelen elo 5 Cents manner op der Pompel. Bei deem villen op an of déi lescht Méint, hat een et bal net matkritt, datt de Staat elo och nach 60 Milliounen Euro mat engem Tankrabatt verbrennt. D‘Regierung ass iwwregens och esou houfreg op hir Mesure, datt et hir mol kee Communiqué wäert war, fir och jiddereen dorun z‘erënneren, wéi mëtschgieweg si ass.

Commentaire vum Maxime Gillen

Vläicht well dësen Tankrabatt just eng Pseudo-Mesure ass. No der Tripartite sollt domat wuel signaliséiert ginn "mir këmmeren eis". Als Symbol ass dat sécher net schlecht, mä esou wierklech vill entlaascht et d‘Leit jo nu och net. Um Enn sinn et vläicht 20 bis 30 Euro bis Enn des Joers, déi ee beim Tanke gespuert huet. Virun allem well dës Steier-Milliounen alt erëm mat der Strenz verdeelt ginn, amplaz konkret déi Leit ze cibléieren, fir déi dat wierklech eppes ausmécht.

Dat absurdst un der Saach ass awer, datt et den eigentleche Problem iwwerhaapt net adresséiert. An zwar, datt einfach manner Pëtrol geliwwert gëtt. Huet ee wärend der Tripartite nach gehofft, datt en Accord tëscht den USA an dem Iran géif dozou féieren, datt séier erëm alles beim Alen ass, ass antëscht etabléiert, datt et esouguer mat Accord nach Jore kann daueren, bis hei esouvill Pëtrol ukënnt, wéi virdrun.

Déi eenzeg wierklech Hëllef ass deemno d‘Ofhängegkeet vun de fossillen Energien ze reduzéieren an domat och net méi der Willkür vun internationalen Acteure wéi Trump a Konsorten ausgeliwwert ze sinn. Dat huet nämlech direkt zwee Virdeeler. Engersäits trëfft et jiddwer eenzelen net méi esou hefteg am Portmonni, wann erëm iergenden Tockskapp mengt, e komplett sënnlose Krich unzestiwwelen. An anerersäits gëllt de Prinzip, wann d‘Demande erofgeet, kommen d‘Präisser no.

Et gëllt also déi Konsumenten, déi sech et leeschte kënnen, dozou ze motivéieren, vun de fossillen Energien ewechzekommen, esouwuel beim Autofueren, wéi och beim Hëtzen. An allgemeng muss een d‘Leit dozou kréien, Sprit ze spueren. De Präis kënschtlech ze drosselen, bewierkt genau de Contraire. D‘Zuele vun der Douane weisen, datt esouguer d‘Präishaussë vun de leschte Méint mol net dofir gesuergt hunn, datt manner Sprit verbraucht gouf. Gëtt en dann nach méi bëlleg, ginn d‘Ventë bestëmmt net erof.

A wéi hat de Wirtschaftsminister Lex Delles nach virun e puer Méint esou schéin erkläert: Hie wéilt keng Steiergelder huelen, fir Tankstell an der Groussregioun ze spillen. Datt de Gros vum Sprit, deen zu Lëtzebuerg getankt gëtt, an d‘Ausland geet, huet sech net geännert. An datt et kee Sënn mécht, déi Consommatioun och nach mat Steiergelder ze subventionéieren, och net.

Déi 60 Milliounen Euro fir den Tankrabatt, kéint een also wierklech méi sënnvoll asetzen. Zum Beispill fir d‘Leit ze motivéieren, op erneierbar Energien ëmzeklammen, den ëffentlechen Transport auszebauen, oder d‘Vëlosinfrastruktur ze verbesseren.

Back to Top
CIM LOGO