Commentaire vum François AulnerLogement : Wéi d’DP-CSV der CSV-DP am Wee steet

François Aulner
D’Approche vun der CSV-DP-Regierung, fir méi a méi séier Logement ze bauen, geet an eng gutt Richtung. Nëmmen deelweis awer a bei wäitem net konsequent genuch. Dovunner ass de Fränz Aulner sech a sengem Commentaire 100-prozenteg sécher. Net just well d’Acteuren um Terrain dat soen, mee och d’Regierung selwer.
© RTL

Et muss een et fairerweis soen: d’CSV an DP Majoritéit huet eng Rei Problemer erkannt an net alles iwwer Bord geheit, wat déi viregt Regierung lancéiert hat, ewéi de Kaf vu Wunnengen um Plang duerch de Staat – ëmmerhin ass d’DP jo nach ëmmer an der Regierung. Schwaarz-Blo huet awer och zum Beispill d’Reegelen iwwert de Bau vu bezuelbare Wunnengen op clever Aart a Weis nogebessert, e puer administrativ Prozedure vereinfacht, respektiv Vereinfachungen op den Instanzewee geschéckt. Se wëll d’Garantie d’achèvement bei Keef um Plang reforméieren a se huet en nationaalt Bautereglement ausgeschafft.

Esou wäit, esou gutt, mee den Inneminister Leon Gloden huet et e Freideg selwer gesot wéi vill gebaut gëtt, gëtt nach ëmmer vun der Gemeng definéiert. De Problem ass hei awer, datt d’Stad Lëtzebuerg d’lescht Joer just 1 Prozent gewuess ass an op 10 Joer gekuckt manner ewéi eng Rei Randgemengen. Dobäi huet d’Haaptstad mat 40 Prozent vun den Aarbechtsplazen a just 20 Prozent vun der gesamter Populatioun déi wichtegst Roll an der ganzer Landesplanung ze spillen.

De Muecht-Monopol vun de Gemengen am Beräich vum Logement geet och iwwert d’Decisioun eraus, ewéi vill gebaut gëtt, bis an de Micro-management eran. Hanner virgehalener Hand hu scho méi ewéi ee Proprietär, Architekt oder Entwéckler zouginn, datt een et sech net ka leeschten, sech mat enger Gemeng unzeleeën, och wann ee méint- oder jorelaang op eng Geneemegung waarde muss. Reklaméieren, dat bleift e Privileeg fir d’Nimbyisten – Leit, déi géint nei Wunnengen am Hannergaart sinn. Eng Gemeng wëll se aus elektorale Grënn net vergraulen. De Staat muss sech am Interêt vum ganze Land méi Mëttele ginn, fir dogéint ze wierken.

Lokalen an nationalen Interessi am Widdersproch

D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet an enger Chamberkommissioun, wou et ëm de Remembrement ministériel gaangen ass, virun engem hallwe Joer als éischt direkt gefrot, ob d’Leit no engem Remembrement nach ëmmer kéinte reklaméieren. D’lescht Woch wollt si hei op RTL mordicus net Jo zu enger Tax op eidel Wunnenge soen, och wann all hire Bedenke géing Rechnung gedroe ginn. Aus Regierungs- an DP-Kreesser héiert een dacks, datt d’Lydie Polfer Tierm net gär huet. Alles dat, seet alles aus.

D’CSV-DP-Regierung an d’Majoritéit an der Chamber probéiert ze liwweren, ewéi de Léon Gloden seet. Mee d’DP-CSV-Majoritéit an der Stad neutraliséiert déi Aarbecht, wa se ëmmer nees d'Baupotential erofdréckt. Och wann d’Stater Gemeng zweetgréisste Besëtzer vu Bauland hei am Land ass, ass se net eleng fir den deiere Wunnraum responsabel. D’Präisser ginn och duerch eng Accumulatioun vun neien – gutt gemengten – Normen an d’Luucht. Och nei Reegele vun der aktueller Regierung, ewéi déi fir vill Espacen tëscht Gebaier, stinn am totale Widdersproch mat Verdichtung.

Bref: d’Politik steet sech selwer am Wee. D’Wunnpräisser gi weider erop a maachen eng Minoritéit glécklech. Déi aner, déi musse méi bezuelen oder auswanderen. An d’Employeure mussen den Drock op d’Paien astiechen.

Back to Top
CIM LOGO