
It‘s getting hot in here: Canicule, déi héchst Temperaturen, déi jee gemooss goufen, nuets war dacks keng Erfrëschung ze spieren, keng Entlaaschtung.
Elo huet et endlech e bësse gereent. Den nationale Wiederdéngscht huet seng Hëtztwarnung entschäerft. Et soll e bëssen ofkillen.
War et dat elo? Nee, dës Canicule huet eppes verännert.
Mir hunn zesumme geschweesst, eis e bësse frësch Loft zougefächert, zesummen no Schiet gesicht, a mir sinn eis bewosst ginn, esou gär ewéi mir de Summer hunn, dass déi Hëtzt net méi normal ass.
D‘Rettungsdéngschter haten däitlech méi ze dinn, jo Temperature wäit iwwer 30 Grad si wuertwiertlech doudgeféierlech fir eeler Leit, Kanner, a krank respektiv vulnerabel Persounen D‘Pompjeeë waren och hei vill gefrot, fir Vegetatiounsbränn ze läschen. D‘Wise sinn effektiv net gréng mee gielbrong, et kéint ee mengen, et wär een an der Toskana oder der Provence. Vakanz doheem. Nee flott ass dat net, eis Baueren a Wënzer hunn décke Misär.
Mir hunn also um eegene Kierper gespuert, mat eisen eegene Ae gesinn, wat Äerderwiermung bedeit.
Déi Suerg huet sech och am neisten RTL-Wort-Politmonitor erëmgespigelt, obwuel d'Rekordtemperaturen eis eréischt nom Sondage erschreckt hunn. De Klimawandel gehéiert nees zu den Top 5-Suergen. Just d'Leit, déi ADR wielen, danzen däitlech aus der Rei, nëmmen 18 Prozent vun hinnen maache sech Suerge wéinst dem Klima. De Rescht ass vläicht besonnesch resistent géint Hëtzt an de Rot vu Wëssenschaftler.
Klimafuerscher kéinten eis et elo e bëssen eekleg ënnert d‘Nues reiwen: "Mir soten iech et dach", dass d‘CO2-Emissioune vun der Industrie an eisen Autoen d'Loft net nëmmen verdrécken, mee elle waarm maachen. Maache se net, well Schadenfreude elo net ubruecht ass. Alarm schloe schonn.
36 Grad und es wird noch heißer. D‘Emissiounen musse reduzéiert ginn. Well den Thermometer huet kee Matleed mat eis Mënschen. E klëmmt einfach weider a weider. Ouni Récksiicht op dat, wat eis Kierperen iwwerhaapt aushalen, wéi resilient eis Gesellschaft ass. Schaffen um net-klimatiséierte Büro oder léieren am stéckege Klassesall, alles net schéin.
Mir mussen elo ouni Parteipolitik dofir suergen, dass mir et an Zukunft nach aushalen kënnen hei op der Äerd. Dozou gehéieren natierlech Klimahëlleffen fir Privathaiser, klimatiséiert ëffentlech Raim fir extrem waarm Deeg, a virop och Schiet an de Stied. Dat neit nationaalt Bautereglement, dat 2028 a Kraaft triede soll, verbitt Gottseidank versigelt Gäert, a fuerdert a fërdert, dass Reewaasser opgefaange gëtt, an dass méi Beem musse geplanzt ginn. D‘Richtung stëmmt.
Leider muss een et um eegene Kierper spieren, fir eppes z‘änneren. Mir souzen déi lescht Wochen zesummen an der Sauna. Vill ze laang. Elo gëllt et sech kal ofzeduschen - vläicht kënnt jo de Reen – an déi Saach da mat killem Kapp a gemeinsam unzegoen.