Commentaire vum Michèle SinnerSpezifesch Circonstancen

Michèle Sinner
A sengem Commentaire vun en Dënschdeg seet d'Michèle Sinner de Belsch Merci dofir, datt se d'USA 1-4 geklappt hunn. An datt vu ganzem Häerzen.
© RTL

Commentaire vum Michèle Sinner

Vun der internationaler Futtball-Federatioun (FIFA) ass ee jo esou Munches gewinnt. Korruptioun souwisou. Mee wann esouguer de Sepp Blatter, dee justement dowéinst bei der FIFA huet missen d'Blat botzen, fënnt, datt ee keng Schiidsriichterdecisioun duerch en Telefon kann ophiewen, da bleift vum Sport net méi vill iwwreg.

Dat ass méi ewéi schued, well esou eng Weltmeeschterschaft hautzedaags trotz alle Kontroversen ëm de Commerce an d'Mënscherechtsverletzunge ronderëm, wann de Ball bis rullt, ee vun de wéinegen Evenementer ass, dat eng Stëmmung vu Gemeinschaft stëft – iwwert aner Divisioune wéi Nationalitéit a Wuelstand eraus. Well dann och déi Futtball kucken, déi sech soss net dofir interesséieren.

Et gëtt gemeinsam Emotiounen, gemeinsame Gespréichsstoff. An normalerweis gëtt d'Resultat akzeptéiert, esouguer wann d'Géigenekipp gewënnt. Justement dat si besonnesch wäertvoll Situatiounen, well mer se op aneren Ebene bal net méi erliewen: den eegenen Echec unhuelen.

Ma well hien et net fair fonnt huet, datt hire Goalgetter eng rout Kaart krut an domat fir den nächste Match sollt gespaart sinn – esou wéi d'Reegelen et soen – huet den Donald Trump de Fairplay opgehuewen. WHO, NATO, UNO, FIFA, alles Enges, Haaptsaach et geet esou wéi hie wëll.

An der FIFA hirer Erklärung e Méindeg, firwat de Folarin Balogun trotz rouder Kaart géint d'Belsch dierft untrieden, ginn 13 Abschnitter Wortmüll deployéiert. D'Telefonat tëscht US- a FIFA-President gëtt hannert dem Euphemismus vu "spezifesche Circonstancen" ronderëm den Incident verschleiert, déi consideréiert goufen.

An da kommen d'Belsch a maachen d'USA einfach 1:4 platt. Villmools Merci dofir!

Well mat hirer Victoire huet d'Belsch rëm e bëssen Equiliber an den Universum bruecht. Souzesoen e bësse Gerechtegkeet, wann d'Recht ausgehiewelt gëtt. Sou datt ee kann hoffen, datt sech déi "Gutt" a wiedregen Ëmstänn awer duerchsetzen, einfach well se besser sinn... Enfin, bis datt den Donald Trump nach emol den Telefon an de Grapp hëlt an d'FIFA einfach all verluere Partie vun den USA annuléiert, bis si d'Coupe hunn.

Back to Top
CIM LOGO