"Mir stinn zesummen oder falen eenzel"

Déi 1. Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Frieden war eng zolidd, buedemstänneg, déi e Wénk mat der Scheierpaart war, datt Lëtzebuerg sech muss villen Defie stellen a sech änneren.
Eraus aus der Confort-Zone, wou alles roueg an berouegend ass - mee Upaken a Matschaffen - de Motto "Mir stinn zesummen oder falen eenzel" soll och d'Unitéit vun der neier schwaarz-bloer Regierung demonstréieren -
e Commentaire vum Roy Grotz.
Et hunn eng ganz Partie Ministeren op der Regierungsbänk hannen an der Plenière sauer gekuckt - et war net, datt d'Wäinzoossissen an der Staatskantin net gutt gewiescht wieren - mee do steet dach wierklech de Staatsminister do an hëlt engem Minister nom aneren de Botter vun der Schmier.
Oh, wat wieren dat vill flott Pressekonferenze ginn, fir all d'Annoncen ëm de Logement, d'Klimabäihëllefen an d'steierlech Mesuren dem Vollek z'annoncéieren.
Mee doraus gouf näischt - Schwaarz a blo Ministeren hunn den Ukas vum "Maulkuerf" missten acceptéieren an hunn näischt dierfte verroden, éier de Chef Frieden de Privilège hat, sengem Vollek den Zoustand vun der Natioun duer ze leeën - an an engems direkt d'Vitaminne ka mat verschreiwen, déi de Patient Lëtzebuerg nees komplett sollen op Touren bréngen.
D'Ministeren Bettel an Delles kruten näischt vun all deem mat - si sinn op Promo- an Nation-Branding-Tour a Japan a verpassen den Optrëtt vum Joer.
Well bal keen Domaine léisst de Luc Frieden als selwer ernannte Gestalter onernimmt a liwwert Vitaminnen a Léisungen an Dosenden: de Politwiessel an der Defense, dat administratiivt Vereinfache géint de Bureaukratie-Burnout, de Logements-Aktiounsplang, d'Lutte géint d'Aarmut mat engem Paradigmewiessel bei den Hëllefen, d'Pensiounen, d'Aarbechtsorganisatioun an natierlech den Dada Kafkraaft mat dem CSV-Mantra "méi netto vum Brutto" - dem Minister Roth ass zu Berlin d'Häerz opgaangen.
D'Klimapolitik ass de Premier, deen domat d'Leit net wëll nerven, dës Kéier vun enger anerer - pragmatescher - Säit ugaangen - ouni awer nach emol ze betounen, datt d'Leit an hiren Efforte géint de Klimakollaps net dierften ausgebremst ginn. Iwwer Atomkraaft a Kettenuewen ass iwwerdeem kee Wuert gefall.
De Premier wëll eng Politik vun der Effikassitéit a net vun der Popularitéit - an huet gewisen, wéi dat an enger emotiounsloser Manager-Ried ouni all onnéideg Ironie, Metapheren oder soss Pleonasmen.
Dat ass u sech eng net-verstoppt Uso un eng Partie liberal Politiker, déi d'Insta- an Tik-Tok-Kanäl bei allen Geleeënheete fir sech notzen, mee sécher och un Parteikolleege wéi den Inneminister, dee jo dem Vollek androcksvoll gewisen huet, wéi stresseg e Minister-Dag ass a wat een alles muss leeschten, fir de Wielerstëmme gerecht ze ginn.
Weises gëllt - absënns no der Frieden-Ried soll et eriwwer si mam PR-Larifari an et soll sech op d'Aarbecht konzentréiert ginn - an nëmmen op déi.
Déi grouss Annoncen si fir de Chef - seng Truppen solle schaffen, de Verwaltungsdschungel vertikutéieren an dem Land déngen - dat gëllt op mannst bis d'Deeg ëm Nationalfeierdag - dann hëlt d'politesch Selfie-Mania nees Iwwerhand.
Mee vläicht ass dat jo och e Stéck "nation branding" - eppes, dat fir de seriöe Manager Frieden kee Wuert wäert war. Hien huet et mam "local branding" - d'nei ageweit Place Luc Frieden zu Konter weist de Wee, datt dach och sécher e Boulevard um Kierchbierg wäert nom CSV-Premier benannt ginn - nom fin de règne an e puer Joerzéngten.