Make Gaza beautiful again?

Datt den Donald Trump ëmmer erëm fir Iwwerraschunge gutt ass, dat weess een net eréischt zënter gëschter. An awer huet hien et fäerdeg bruecht mat der Annonce, d'Gazasträif z'iwwerhuelen an erëm opzebauen, weltwäit fir massiv Kritik ze suergen. No "make America great again" also elo och "make Gaza beautiful again". Pläng, déi net kënnen an och net dierfen opgoen, seet d'Dany Rasqué a sengem Commentaire.
Eent ass sécher: an der Gazasträif läit kee Stee méi op deem aneren a se muss erëm opgebaut ginn. Awer net andeems 2 Millioune Mënschen no engem Krich, deen sech iwwer 16 Méint gezunn huet einfach verdriwwe ginn.
Si missten hiert Land net just temporär, mä fir ëmmer verloossen, well dono wier d'Gazasträif net méi d'Doheem vun de Palestinenser, mä d'Riviera vum Noen Osten.
Fir déi Schéin an déi Räich mat Luxusvillaen an deieren Hotellen eppes, wat natierlech och dem Tourismus an Israel géif ze gutt kommen. Mä de Plang kann net funktionéieren.
Et verstéisst géint d'Vëlkerrecht Mënschen ze verdreiwen a wou sollen se hin?
Den Donald Trump mengt an Ägypten an a Jordanien. Vun do, vun der arabescher Liga an aus villen anere Länner ginn d'Pläng vum US President awer schaarf kritiséiert. Zu Recht!
Déi arabesch a muslimesch Welt steet ënner Schock, well d'Palestinenser géifen no 1948 eng zweete Kéier entwuerzelt ginn an dat wëlle si mat aller Kraaft verhënneren an dierften hiert Land och net fräiwëlleg hierginn.
Wat wier also d'Léisung? Datt den Trump wierklech seng Arméi géif schécken?
Et kann een sech nëmme ganz schwéier virstellen, datt d'Hamas sech dat géife gefale loossen an se kréich mat Sécherheet masseg Ënnerstëtzung aus der Regioun - a scho fir deen nächste Krich erëm amgaangen.
Et ass eng Iddi, déi fir nach méi Haass suergt an et ass eng Iddi, déi d'Liewe vun den israeelesche Geiselen a Gefor bréngt, déi nach an den Hänn vun der Hamas sinn an dofir kënnt déi Iddi och nach laang net iwwerall an Israel gutt un.
Et schéngt, wéi wann den Donald Trump d'ganz Welt wéilt op d'Kopp geheien. Wat hie wëllt, datt hëlt hien sech einfach. De Golf vu Mexiko gëtt a Golf vun Amerika ëmbenannt, hie well de Panama Kanal kontrolléieren, huet Kanada proposéiert, den 51. US-Bundesstaat ze ginn a Grönland wëll den US President noutfalls annektéieren, seet en.
Hien erënnert e bëssen un dee geféierleche Verréckten zu Moskau. Do hu sech der Zwee fonnt an et wier gutt, wann de Rescht vun der Welt deem géif entgéinthalen. Ëm esou méi wichteg ass e staarkt Europa, wat elo zesummenhält an sech net ënnert der Bullislawinn vu Rietsextremiste begruewe léisst.