D'Europäesch Zentralbank huet wéinst der héijer Inflatioun am Euroraum de Leetzëns ëm 0,5 Prozent an d'Luucht gesat.

Kritiker reprochéieren der EZB, ze spéit ze reagéieren. Effektiv gouf laang gezéckt ma um Donneschdeg de Mëtteg huet d'Europäesch Zentralbank offiziell annoncéiert, datt de Leetzëns ëm 0,5 Prozentpunkten eropgesat gëtt. Eng Hausse, déi dann awer méi staark ausfält ewéi erwaart. Dernieft gouf zu Frankfurt en Instrument virgestallt, mat deem eng nei Eurokris soll verhënnert ginn.

EZB Zënshausse - E Reportage vum Pit Everling

De Leetzëns geet ëm en hallwe Punkt erop a Banke musse keng Strofzënse méi bezuelen, wa se Sue bei der EZB parken. Dat huet d‘Christine Lagarde, Presidentin vun der Europäescher Zentralbank um Donneschdeg de Mëtteg annoncéiert. Et ass déi éischt Hausse vum Leetzëns zënter 11 Joer a si fält méi héich aus wéi gemengt. Virun e puer Woche war nach Rieds vun 0,25 Prozentpunkten.
Christine Lagarde: D‘Inflatioun bleift onerwënscht héich an dierft eng Zäit iwwer eisen Zilsetzunge leien. Déi lescht Donnée soen eis méi eng lues Croissance viraus. D'Aussiichte fir déi zweet Hallschent 2022 an duerno ginn also méi dréif. Dëse Ralentissement gëtt awer vun enger Rei Facteuren opgefaangen. De Conseil huet decidéiert, déi wichteg EZB-Zënssätz ze héijen.

Déi net justifiéiert russesch Aggressioun an der Ukrain géif op d‘Croissance drécken, sou d'Christine Lagarde. Deier Energie- a Liewensmëttelpräisser géife weider fir Inflatioun suergen. Op där aner Säit wier d'Reouverture vun der Ekonomie positiv an den Aarbechtsmaart wier zolidd. Ma well et vill Riske gëtt, soll et mat der Hausse vun haut net gedoe sinn.

Christine Lagarde:"Bei eisen nächste Reunioune si weider Normaliséierunge vun den Zënssätz ubruecht."

Weider Haussen dierften also nokommen, fir d'mëttelfristegt Zil vu manner wéi 2% Inflatioun ze erreechen.

D‘Europäesch Zentralbank huet och de Feu-vert ginn, fir dat sougenannt „Transmission Protection Instrument».

Christine Lagarde: "Dat Instrument stellt sécher, datt eis Geldpolitik fléissend a gläichméisseg op all d‘Eurolänner iwwerdroe gëtt."

Heibäi handelt et sech ëm e Programm, deen eng Fragmentéierung am Euroraum soll evitéieren, mat deem grouss Zëns-Ënnerscheeder bei Staatsobligatioune solle verhënnert ginn. Experten no wëll d'EZB dat Ganzt bewosst net Hëllefsprogramm fir bestëmmte Länner nennen, zum Beispill Italien.  

D'Erhéijung vun den Zënsen gëllt vum 27. Juli un.

Wat bedeit dat Ganzt an der Praxis?

D'Banke wäerten d'Changementer elo séier un d'Cliente weider ginn, sou de Jerry Grbic, Direkter vun der Lëtzebuerger Bankenassociatioun ABBL.

Jerry Grbic: An den nächste 6 Woche wäerten d'Banken déi Tauxen ajustéieren. Déi eng maachen et op de 15ten, déi aner op den 1ten. D'Domiciliatioune vun de Remboursementer ginn automatesch ugepasst. Bei den Depote wäerten och d'Zënsen adaptéiert ginn um Niveau vun de Spuerkonten.

Well d‘Banken hir Strofzënse net onbedéngt un d‘Cliente weider ginn hunn ass dovunner auszegoen, datt déi aktuell EZB-Haussen net direkt 1 zu 1 bei alle Spuerer ukommen.

Experte ginn dovunner aus, datt de Leetzëns dëst Joer nach bis zu 1 oder 1,25 Punkten erop ka goen. Cliente mat taux variable wäerten dat op alle Fall op hiren Immobiliëkreditter nach spieren, esou den Jerry Grbic.