Drone stéiere Fluchverkéier, Militär gräift an
© NICOLAS ECONOMOU / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP
Iwwer Stonne konnte keng Fligeren um Fluchhafen zu Eindhoven an Holland starten a landen.
Um zweetgréisste Flughafen an Holland, zu Eindhoven, gouf et e Samschdeg den Owend en Dronenalarm. Et sollen direkt e puer Dronen observéiert gi sinn.
Dem Verdeedegungsministère no huet souwuel den zivillen Deel vum Flughafen, wéi och deen dee fir militäresch Zwecker genotzt gëtt, fir e puer Stonne missen zougemaach ginn. De Fluchverkéier gouf ënnerbrach.
Wéi eng Moossnamen ergraff goufen, hunn déi hollännesch Autoritéiten awer net matgedeelt. De Verdeedegungsminister Ruben Brekelmans hat iwwer X just matgedeelt, datt d'Verdeedegung Mesuren ergraff hätt.
Schonn e Freideg hat et an Holland e Virfall mat Drone ginn. Iwwer engem Stëtzpunkt vun der Loftwaff zu Volkel, eng 40 Kilometer nordëstlech vun Eindhoven, waren tëscht 19 an 21 Auer Drone gesi ginn. Doropshin hat ee mat militäresche Waffe reagéiert, d'Drone wieren awer net getraff ginn, sou de Verdeedegungsministère um Samschdeg. Wisou se iwwer dem Spärgebitt geflu sinn, konnt de Ministère net soen.