Doutéis Aussoe vum Christian Perronne iwwer Vaccinatioun virun Deputéierten
De Video mat den Aussoe vum Christian Perronne an der Lëtzebuerger Chamber huet am Netz fir vill Opreegung an Diskussioune gesuergt.
An enger Ried vum 12. Januar an der Lëtzebuerger Chamber huet de Professer Christian Perronne, op Invitatioun vun zwee Petitionäre géint eng obligatoresch Vaccinatioun, eng Rei vu Behaaptungen iwwer Covid-Injektioune geäussert, bei deenen et sech, senger Meenung no, net ëm Impfstoffer, mee ëm "experimentell Traitementer" handele géif. Seng Behaaptungen, déi an de Sozialen Netzwierker viral gaange sinn, goufe vu Wëssenschaftler, déi vun der AFP befrot gi sinn, a Fro gestallt an als falsch oder ierféierend jugéiert.
De Professer Perronne, en Infektiolog, huet zënter dem Ufank vun der Pandemie vill kontrovers Aussoe gemaach. Hien huet Hydroxchloroquin als Heelmëttel géint Covid-19 verdeedegt, obwuel seng Wierksamkeet ni erwise war, huet den Notze vu PCR-Tester a Fro gestallt an huet argumentéiert, dass Messenger-RNA d'Geene vu geimpfte Patiente modifiéiere kéint. En plus huet hien d'Unzuel u Covid-19-Doudesfäll relativéiert.
An der neier Prise de position verséchert hien, dass "keen hie wéinst sengen Aussoe verstouss hätt", mee d'AFP ass sengen Aussoen an diversen Artikel nogaangen, wéi och d'Portaler Les Décodeurs oder Checknews, an deene vill Wëssenschaftler seng Aussoe widderluecht hunn. Experten an Institutiounen hu sech och ëffentlech zu Wuert gemellt, fir d'Richtegkeet vun den Aussoe vum Professer Perronne a Fro ze stellen.
D'Assistance publique - Hôpitaux de Paris (AP-HP) huet am Dezember 2020 bekannt ginn, de Professer Perronne wéinst senge Behaaptungen, déi als "onwierdeg" betruecht ginn, vu senge Funktiounen als Chef de service am Spidol Raymond-Poincaré zu Garches entbonnen ze hunn. D'Institutioun huet och matgedeelt, dass si beim franséischen Ordre des Médecins Plainte géint de Perronne deposéiert hätt.
An dësem Extrait, dee méi wéi zéngdausend Mol bannent zwou Wochen (1, 2, 3) iwwer déi Sozial Netzwierker diffuséiert gouf, expriméiert sech de Professer Perronne den 12. Januar 2022 virun dem Lëtzebuerger Parlament. Nieft him waren d'Geneetikerin Alexandra Henrion-Caude an de Professer Luc Montagnier Invitéen, déi och vill Falschmeldungen iwwer Covid-19 verbreet hunn, wéi d'AFP schonn an dësen Artikelen (1, 2, 3, 4) explizéiert huet.

Capture d'écran prise sur Facebook le 26/01/2022
Dës Intervenantë goufe vun zwee Lëtzebuerger, jiddereen Auteur vun enger Petitioun géint d'Corona-Impfung, agelueden. D'Petitioun Nummer 1950 "Pétition contre la vaccination obligatoire Covid19 pour les citoyens", déi am Juli 2021 op der Petitiounswebsäit vun der Lëtzebuerger Chamber deposéiert gouf, krut 11.456 Ënnerschrëften. Den zweeten Text mam Titel "Stop aux vaccins de type thérapie génique (Covid-19) à nos enfants" konnt 4.674 Ënnerschrëfte verbuchen.
Zu Lëtzebuerg kann all Petitionär, dee méi al wéi 15 Joer ass, säin Text bei der Petitiounskommissioun hannerleeën. Gëtt dës Kommissioun e favorabelen Avis of, erfëllt se d'Zouloossungskritären a ka bannent maximal 42 Deeg méi ewéi 4.500 Ënnerschrëfte enregistréieren, gëtt eng ëffentlech Debatt organiséiert.
Am Kader vun dëser Aussprooch, déi a Presenz vun engem Minister ofgehale gëtt, kënnen d'Auteure vun der ëffentlecher Petitioun vun externe Riedner - Lëtzebuerger oder vun auslännescher Nationalitéit - als Beroder begleet ginn, déi och hiren Avis dierfen ofginn.
Um Mëttwoch, dem 12. Januar, hate sech d'Petitionären dozou decidéiert zesumme mam Chrisitan Perronne, Alexandre Henrion-Caude an dem Luc Montagnier virun den Deputéierten ze schwätzen. "Wärend der Debatt hunn d'Deputéiert e puer Mol ënnerstrach, dass d'Experten net op hier Froen äntweren, dass si meeschtens net zum debattéierte Sujet geschwat hunn an dass d'Parlament d'Iddi refuséiert, vun hinne beroden ze ginn", huet de Fernand Etgen, de Parlamentspresident, de 26. Januar géintiwwer der AFP erkläert.
"Vill Deputéiert hunn hir Aussoen direkt a Fro gestallt. Et war offensichtlech, dass déi meescht vun hire Behaaptungen Onwourechten, Falschinformatiounen oder souguer Lige waren", füügt hien dobäi.
Um Enn vun der Aussprooch huet d'Parlament d'Opfaassung vertrueden, dass an Zukunft e "reglementäre Kader" néideg wär an dass "op d'mannst Delaie fir d'Notifikatioun vun den Experten un d'Parlament" festgeluecht misste ginn, nodeems et den Dag virdrun iwwer d'Identitéit vun den dräi franséische Riedner informéiert gi wär. "Dowéinst war et den Deputéierten net méiglech, sech ze preparéieren", regrettéiert de Fernand Etgen.
Anti-Covid-Impfstoffer sinn net wierksam a verhënneren keng schwéier Verleef: ierféierend
Virun de Lëtzebuerger Deputéierten huet de Christian Perronne am Ufank erkläert, dass d'Impfstoffer géint Covid-19 "guer keng Vaccine sinn, well mir wëssen, dass se net wierken, well se d'Infektiounen net zeréckhält."
Awer en Impfstoff verhënnert net zwangsleefeg eng Kontaminatioun, soumat entsprécht dës Definitioun där vun engem Vaccin. Vill Impfstoffer, déi a Frankräich géint aner Viren agesat ginn, verhënnere keng Kontaminatioun an hu sech awer als zimmlech wierksam erwisen, wéi d'AFP am August 2021 an dësem Artikel erkläert huet.
Contrairement zur Behaaptung vum Christian Perronne, dass "Impfstoffer d'Entstoe vu schwéiere Verleef net verhënneren", hu sech Covid-19-Impfstoffer als wierksam erwisen, fir d'Entwécklung vu schwéiere Verleef ze verhënneren.
"Mir mussen eis drun erënneren, dass souguer wa mir op Infektioune stoussen, et haut dorop ukënnt, viru schwéiere Verleef protegéiert ze sinn, an dat ass et, wat déi aktuell Anti-Covid-Impfstoffer effikass maachen, souguer géint Omikron", huet d'Judith Mueller, Epidemiologin a Professesch um EHESP Ufank Januar erkläert.
Dëst ass och d'Conclusioun, déi d'Cellule de statistique vum franséische Gesondheetsministère (Drees) de 14. Januar an enger Notiz publizéiert huet . Doran heescht et, dass "den Impfschutz géint schwéier Krankheetsverleef vun der Omikron-Variant weiderhin héich ass, och wann e méi niddreg ass wéi géint d'Delta-Variant."

Capture d'écran du communiqué de la DREES prise le 26/01/2021
Dës Date weisen, dass eng Persoun, déi eng Opfrëschungsimpfung (Booster) kritt huet, am Verglach zu enger net geimpfter Persoun zu 81 % géint de Risiko vun enger Hospitaliséierung bei enger Infektioun mat der Omikron-Variant an zu 96 % géint eng Infektioun mat der Delta-Variant geschützt ass. A Bezuch op de Risiko, op enger Intensivstatioun opgeholl mussen ze ginn, klëmmt dëse Schutz op 92 % bei Omikron an op 98 % bei Delta.

Capture d'écran du rapport de la Drees publié le 26/01/2022

Capture d'écran du rapport de la Drees publié le 26/01/2022
Impfstoffer befanne sech nach an der experimentaler Phas, well et 10 Joer dauert, bis en Impfstoff zougelooss ass: FALSCH
"En normale Vaccin brauch zéng Joer, bis en zougelooss ass", seet de Christian Perronne weider. D'Argument, dass Covid-Impfstoffer, déi a manner ewéi engem Joer entwéckelt an op de Maart bruecht goufen, par Rapport zu duerchschnëttlechen 10 Joer, keng "richteg Vaccinen", mee "experimentell Traitementer" wären - ee Begrëff, dee vum Perronne heefeg zitéiert gouf - ass zënter dem Ufank vun der Pandemie an de Sozialen Netzwierker wäit verbreet.
Mee eréischt den Asaz vun der mRNA-Technologie, déi zënter bal 30 Joer entwéckelt ginn ass a sech als wierksam géint Covid erwisen huet, huet dës Entwécklung a Rekordzäit erméiglecht. Dëst a Kombinatioun mat enger Acceleratioun vun de Fuerschungs-, industrielle Produktiouns- a Bewäertungsprozeduren, wéi och enger beträchtlecher ëffentlecher a privater Finanzéierung.


Dëst verhënnert awer net, dass déi a Frankräich zougeloossen Impfstoffer géint Covid-19, déi imposéiert Etappen, déi fir all Traitement virun der Maartaféierung (mise sur le marché) am Hexagone an an Europa gëllen, duerchlafe mussen: eng éischt Phas fir eng eventuell Schiedlechkeet vum Produit ze evaluéieren, eng zweet Phas fir den Impfstoff un enger begrenzter Unzuel vu Patienten ze testen an eng drëtt Phas fir d'Beuerteelung vum therapeuteschen Notzen duerch en ëmfaassenden Echantillon.
D'Resultater vun der 3-Phasen-Etude mat Dausende Fräiwëlleger goufe verëffentlecht (z.B. hei fir Moderna an hei fir Pfizer am Dezember), kënnen awer spéiderhin am Kader vun der virleefeger Zouloossung vun dësen Impfstoffer aktualiséiert an ergänzt ginn, den Terme vun der Maartautorisatioun entspriechend.
Am Kader vun dëser urgenter Prozedur huet déi Europäesch Medikamentenagence (EMA) Autorisatioune fir ee Joer accordéiert, déi verlängert kënne ginn. Mee "déi bedéngten Zouloossung vereent alleguer d'Kontrollschlässer vun enger Standardautorisatioun, fir en héicht Mooss u Patientesécherheet ze garantéieren", schreift déi franséisch Agence nationale du médicament (ANSM) op hirem Site.
Och d'EMA ënnersträicht, dass Covid-Vaccinen an Europa nëmmen zougelooss däerfe ginn, wa se "alleguer d'Qualitéits- a Wierksamkeetsufuerderungen, déi an der pharmazeutescher Legislatioun vun der Europäescher Unioun festgeluecht sinn, erfëllen." Soubal all zousätzlech Date virleien, kann déi provisoresch Autorisatioun an eng Standardzouloossung ëmgewandelt ginn.
Doriwwer eraus gëtt d'Sécherheet vun den Impfstoffer nach vun der WHO an der EMA streng iwwerwaacht, déi all Niewewierkungen, déi no enger Injektioun opgetrueden sinn, enregistréieren an ënnersichen. A Frankräich iwwerwaacht och d'Agence nationale de sécurité du médicament (ANSM) d'Vaccine géint Covid-19 a publizéiert reegelméisseg Updates.
An de Vereenegte Staaten gouf d'Regularitéit vu verschiddenen Etüde mam Vaccin vu Pfizer vun enger eemoleger Mataarbechterin vu Ventavia ugezweiwelt, behaapt de Christian Perronne. Ventavia ass e Sous-Traitant, dee fir de Pharmagigant e klengen Deel vun den Tester duerchgeféiert huet.
Där Fra no goufe bei munche vun dësen Tester Feeler gemaach. De Sous-Traitant huet allerdéngs just knapp 1000 Tester u Persounen duerchgeféiert, wärend den Impfstoff un insgesamt 44.000 Persoune weltwäit getest gouf. No dëse Virwërf haten déi amerikanesch Autoritéite vun der FDA "hiert vollt Vertrauen an d'Donnéeën, déi eng Autorisatioun vum Vaccin vun Pfizer/BioNTech geféiert hunn" bekräftegt.
Contrairement zu der Behaaptung vum Christian Perronne, hu vill franséisch Medien iwwer dëse Fall bericht, an d'AFP hat den 3. November 2021 dozou eng Depesch verëffentlecht.

Une infirmière discute avec une femme qui vient de recevoir sa troisième dose de vaccin Pfizer/BioNTech contre le Covid, le 8 janvier 2022, en Corse. ( AFP / Pascal POCHARD-CASABIANCA)
Et gouf 36.000 Doudeger duerch den Impfstoff an Europa, 25.000 an den USA: Ierféierend
"Mëttlerweil wësse mir offiziell aus den Datebanken, dass 36.000 Mënschen an Europa un der Impfung gestuerwe sinn, 25.000 an den USA", seet de Christian Perronne weider.
Dëse Bilan ass fir Europa op Basis vun der EudraVigilance-Datebank vun der Europäescher Medikamentenagence berechent, op där hirer Websäit direkt am Ufank festgestallt gëtt, dass de Contenu "keng Bestätegung vun engem méiglechen Zesummenhang tëscht dem Medikament an der observéierter Wierkung" erëmgëtt.
Dës Base de données gëtt duerch Rapporte vun Dokteren odeer Eenzelpersoune gespeist, déi op méiglech Niewewierkungen hiweisen, déi méi oder manner laang no enger Injektioun opgetruede sinn a vun de pharmakologeschen Autoritéiten ënnersicht musse ginn, fir festzestellen, ob en Zesummenhang mam Impfstoff festgestallt ka ginn.
"D'Informatiounen op dëser Websäit bezéie sech op déi soupçonéiert Niewewierkungen, d.h. op medezinesch Evenementer, déi no der Injektioun vu Covid-19-Impfstoffer observéiert goufen, déi awer net onbedéngt mam Impfstoff an Zesummenhang stinn oder dës verursaacht hunn. Dës Evenementer kéinten duerch Erkrankunge verursaacht gi sinn oder op aner Medikamenter zeréckzeféiere sinn, déi de Patient zur selwechter Zäit ageholl huet", warnt d'EMA.
Et ass falsch unzehuelen, dass dës Datebank den Noweis zouléisst, dass "nogewisen Doudesfäll" "opgrond vun der Impfung" géint Covid-19 opgetruede sinn.
No deem selwechte Prinzip enregistréiert déi US-amerikanesch Pharmakovigilenz-Datebank Vaccine Adverse Events Reporting System (VAERS) all no der Impfung gemellten Niewewierkungen, ouni dass en ursächlechen Zesummenhang mat den Injektiounen nogewise gi muss, a mellt dës de Centers for Disease Control and Prevention (CDC), déi d'Plattform bedreiwen.
D'CDC hunn der AFP de 5. Januar matgedeelt, dass zu deem Zäitpunkt néng Doudesfäll op d'Impfung géint Covid an den USA zeréckzeféiere waren, alleguer op den Impfstoff vu Janssen, deen net fir Mannerjäreger zougelooss ass. Néng Doudesfäll bei 210.682.471 Amerikaner, déi de 25. Januar 2022 vollstänneg geimpft waren.
Dat kéint iech och interesséieren: An den USA bedreiwen Impfgéigner eng Datebank vun der Regierung
Zum Zäitpunkt vun der Homologatioun vum Vaccin gouf et wierksam Traitementer: FALSCH
"Eng konditionnell Autorisatioun ka just dann erdeelt ginn, wann nogewise gouf, dass et keng wierksam Traitementer gëtt, an es gëtt honnerte wësseschaftlech Publikatiounen, déi weisen, dass et wierksam Traitementer gëtt", erkläert de Christian Perronne.
"Eng konditionnell Autorisatioun erlaabt d'Zouloossung vu Medikamenter, déi engem net zefriddestellende medezinesche Besoin entspriechen, éier laangfristeg Donnéeën zur Effikassitéit a Sécherheet virleien", erkläert déi franséisch Agence nationale de santé et du médicament op hirer Websäit.
Obwuel de Christian Perronne an dësem Extrait keng Nimm nennt, huet hien ëmmer erëm Hydroxychloroquin, awer och Ivermectin oder Artemisia als wierksam Mëttel géint Covid-19 uginn a behaapt, dass hir Wierksamkeet erwise wär. Dës Produite gëllen awer net als wierksam géint Covid, wéi an diversen Artikele vun der AFP Factuel (1, 2, 3) erkläert gëtt.
Den Nürnberger Kodex verbitt d'Vermaartung vu Covid-Impfstoffer: FALSCH
Déi a Frankräich zougeloosse Vaccinen, déi alleguer vun de Gesondheetsautoritéiten homologiséiert goufen, befanne sech net méi am Versuchsstadium a kënnen net mat de gesetzlech gereegelte "nuisible Substanzen" gläichgesat ginn.
Den Nürnberger Kodex, deen eng Rei vu gudde medezinesche Praktiken ëmfaasst, huet a Frankräich keng rechtlech Valeur an dierft keng Auswierkungen op d'Mise en place vun enger Impfflicht géint Covid-19 hunn.
Dat kéint iech och interesséieren: Covid-Impfstoff an Nürnberger Kodex: Oppassen op dës Falschinformatiounen
Indien huet seng Impfungskampagne agestallt an d'Pandemie ass eriwwer: FALSCH
"D'Länner, déi net geimpft hunn oder mat der Impfung opgehalen hunn, sinn déi Länner, an deenen d'Pandemie eriwwer ass", verséchert de Christian Perronne nach an zitéiert "d'Beispill Indien".
De Contraire ass de Fall, déi indesch Autoritéite maache mat hirer Impfcampagne weider.
Der indescher Regierung no gouf am Land mat 1,3 Milliarden Awunner am Oktober 2021 déi milliardsten Dosis Covid-19-Impfstoff gesprëtzt. Am selwechten Zäitraum haten ongeféier dräi Véierel vun den erwuessener Bevëlkerung eng Injektioun kritt an ongeféier 30 % ware vollstänneg geimpft.

Une infirmière administre une dose de vaccin contre le Covid-19 dans une école à Chennai, en Inde, le 22 janvier 2022. ( AFP / Arun SANKAR)
Ausserdeem ass d'Covid-19-Pandemie an Indien, wou d'Omikron-Variant massiv zirkuléiert an all Dag nees Mënschen infizéiert ginn, nach net eriwwer. An de leschte siwen Deeg huet d'Land méi wéi 1,8 Milliounen Infektiounen enregistréiert, dat si 74 % méi wéi an der Woch virdrun, wéi d'AFP den 21. Januar festgestallt huet.
"Eng nei Variant klappt un d'Dier", sot den indesche Premier Minister Narendra Modi de 25. Januar a senger Usprooch, déi hien all Mount hält, iwwer Omikron. E puer Woche méi fréi hat hien op Twitter annoncéiert, dass d'Bevëlkerung eng "Schutzdosis" (equivalent zur drëtter Impfdosis) erhale sollt, fir d'Ausbreedung vum Virus anzedämmen.
Méi Kanner sinn um Impfstoff gestuerwe wéi duerch Covid: FALSCH
Änlech wéi an dësem Video, dat den amerikaneschen Dokter Robert Malone opgeholl huet, gëtt a verschiddene Sozialen Netzwierker behaapt, dass d'Impfung vu Kanner géint Covid-19 geféierlech wär, wat och de Christian Perronne behaapt. Awer opgepasst, no der Meenung vu Wësseschaftler, déi vun der AFP befrot goufen, sinn dës Behaaptungen net fondéiert.
De weltwäite Pharmakovigilenzdate vum franséische Gesondheets- a Solidaritéitsministär no, sinn d'Niewewierkunge bei Kanner am Alter vu fënnef bis eelef Joer, déi géint Covid-19 geimpft gi sinn, "ouni Gravitéit et verschwanne séier".
"Kanner, déi de Covid-19-Impfstoff gesprëtzt kruten, kënnen déi selwecht Niewewierkunge wéi Erwuessener hunn. Déi heefegst Rapporte sinn Péng op der Injektiounsplaz, Middegkeet, Kappwéi, Muskel- a Gelenkschmerzen, Schüttelfrost a liicht Féiwer", heescht et op der Websäit vum Ministär, deen och matdeelt, dass "ganz seele Fäll vun temporärer a liichter Myokarditis rapportéiert goufen."
A Frankräich hunn d'Gesondheetsautoritéite bis elo keng Doudesfäll bei Kanner gemellt, déi duerch d'Impfung géint Covid-19 ausgeléist goufen. Wat d'Geféierlechkeet vu Covid an dëser Alterskategorie betrëfft, sou "ass d'Gefor fir e Kand, e schwéiere Verlaf ze entwéckelen, zimmlech kleng, mee et gëtt en", bemierkt de franséische Gesondheetsminister Olivier Véran de 5. Januar.
De Minister erkläert, dass a Frankräich zënter dem Mäerz 2020 28 Doudesfäll bei Kanner am Alter vu fënnef bis eelef Joer enregistréiert goufen, vun deenen dräi "formal op Covid-19" zeréckzeféiere sinn, wärend déi aner 25 e "potentiellen, awer net noweisbaren Zesummenhang" hunn.
Zënter dem Ufank vun der fënnefter Well weisen déi offiziell Zuelen en plus eng Croissance bei der Hospitaliséierung vu Kanner. 552 Kanner ënner zéng Joer sinn aktuell a Frankräich mat Covid-19 diagnostizéiert. Dat ass Rekord zënter dem Ufank vun der Pandemie. Vun de 552 Kanner befanne sech 91 op der Intensivstatioun.

Évolution du nombre de cas détectés sur 7 jours pour 100.000 personnes du 1er janvier 2021 au 8 janvier 2022, selon les données de Santé publique France ( AFP / Sylvie HUSSON, Sophie RAMIS)
D'Ursaach fir dës Croissance ass nach net gekläert. D'Epidemiologin Vittoria Colizza, déi vun der AFP interviewt gouf, nennt dofir zwee Grënn: d'Ustiechungsfäegkeet vun der Omikron-Variant, déi zu enger "Explosioun vun de Fallzuelen an der allgemenger Populatioun" féiert an den nidderegen Impftaux bei de Klengen, dee bis haut "ganz, ganz, ganz niddereg" ass. De Regierungszuelen no waren den 19. Januar 2022 just 3 % vun de Fënnef- bis Eelefjärege geimpft.
No der Impfung gouf et eng Croissance bei den Doudesfäll duerch Kriibs: FALSCH
"Amerikanesch Onkologen hu gewisen, dass et no enger Impfung eng Croissance bei de Kriibsdoudege gëtt", seet de Professer Perronne zum Schluss.
Op wat fir Date sech de Christian Perronne berifft, ass schwéier ze soen. well den Aussoe vun der American Cancer Society no leien d'Donnéeë fir Kriibsdoudeger just bis 2019 vir. Doriwwer eraus weist de jéngste Rapport vun der ACS iwwer Kriibszuelen an -analysen an den USA, deen den 12. Januar 2022 publizéiert gouf, dass keen Zesummenhang tëscht der Krankheet a Covid-19-Impfstoffer ernimmt gëtt.
En revanche, kann ee vun engem indirekten Impakt duerch d'Pandemie op de Kriibs ausgoen, well vill Diagnosen an Traitementer no hanne geréckelt hu misse ginn, erkläert d'Institutioun. Eng Suerg, déi vun Dokteren op der ganzer Welt gedeelt gëtt: "Am Joer 2020 (...) De reduzéierten Zougank zur Gesondheetsversuergung opgrond vu Fermeturen vu Gesondheetsservicer an d'Angscht, sech dem Covid auszesetzen, hunn zu Retarde bei der Diagnos an den Traitementer geféiert, wat zu engem kuerzfristege Réckgank vun der Kriibsinzidenz féiere kéint, duerno géif wär eng Croissance bei de fortgeschrëttene Stadiumen a finalement bei der Mortalitéit ze erwaarden."
All Joer mécht d'ACS eng Prognos vun de Kriibserkrankungen an -doudesfäll fir dat nächst Joer. Fir 2022 rechent se mat "1,92 Milliounen neie Kriibserkrankungen a 609.360 Doudesfäll." Fir 2021 hat se 1.898.160 nei Fäll a 608.570 Doudesfäll estiméiert.
D'Iddi vun Impfstoffer, déi Kriibs ervirruffe kéinten, gouf iwwregens scho vu ville Wëssenschaftler dementéiert. D'AFP Factuel huet schonn Theorien iwwerpréift, déi en Zesummenhang tëscht Kriibs an Impfstoffer hirstellen, wéi hei zum Beispill.
An engem Artikel vun enger US-amerikanescher Websäit, déi reegelméisseg masseweis Falschinformatiounen iwwer de Gesondheetsberäich verëffentlecht, heescht et, Wëssenschaftler hätten nogewisen, dass mRNA-Impfstoffer Tumeure ausléise kéinten. Tatsächlech hat déi Etüd aus dem Joer 2018, also virun der Pandemie, näischt mat den mRNA-Impfstoffer ze dinn.
