Méi Unerkennung fir Engagementer"Garden Parties" vun dësem Joer un am Zeeche vun theematesche Schwéierpunkten

Samantha Weber
En Donneschdeg hunn de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie déi éischte Kéier op eng "Garden Party" agelueden, déi elo en neie Fokus kréien.

Am Kader vun Nationalfeierdag organiséiert déi groussherzoglech Koppel all Joer déi bekannt "Garden Parties". Dëst Joer hunn de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie fir déi éischte Kéier an de Park vum Schlass Bierg invitéiert.

Ma net just d'"Gastgeber" hunn dëst Joer gewiesselt. Vun 2026 u stinn d'Receptiounen neierdéngs ënnert engem theematesche Schwéierpunkt. Esou soll all Joer e "bestëmmte Beräich vum nationale Liewen oder eng Kategorie vu Persounen ervirgehuewe ginn, deenen hiren Engagement eng besonnesch Unerkennung verdéngt", wéi um Monarchie-Site ze liesen ass.

Nieft den Invitéeën, deenen hiren Engagement an de Fokus gestallt gëtt, wäerten awer weiderhi "Vertrieder vun den Institutiounen an déi wichtegst Acteure vum ëffentleche Liewe" bei de "Garden Parties" vertruede sinn. Dat soll et erlaben, "datt sech Mënsche mat ënnerschiddlechen Originnen an Hannergrënn begéinen an austausche" kéinten, esou d'Cour Grand-Ducale weider.

Déi éischt vun zwou "Garden Parties" dëst Joer war en Donneschdeg de 25. Juni a stoung ganz am Zeeche vun deene Leit, déi zu der Preparatioun an dem Deroulement vum "Trounwiessel" 2025 bäigedroen hunn. Déi zweet "Garden Party" e Méindeg den 29. Juni wäert der Jugend gewidmet sinn. Dës wier dem Grand-Duc Guillaume "besonnesch wichteg". Ënnert anerem wäerte Jonker aus de Beräicher Educatioun, Sport, Kultur, Scoutismus, Entreprenariat, Veräinsliewen, Wëssenschaft oder aus dem soziale Beräich ageluede sinn.

Back to Top
CIM LOGO