Fake-Tornado-Video vu Lëtzebuerg an de soziale Medien

Op der Plattform TikTok gëtt de Moment e Video vun engem Tornado zu "Manach" gedeelt. Eigentlech ass et awer e Video aus Tschechien aus dem Juni 2021.
D'Beschreiwung "Manach" mam Lëtzebuerger Fändel an dem Datum vun e Freideg, déi um Video (hei an hei) ze gesinn ass, léisst dorop schléissen, dass de Video zu Lëtzebuerg gefilmt gouf. Doduerch, datt d'Duerf Maarnech am Norde vum Land anescht geschriwwe gëtt an et keng Meldunge vun de Rettungsdéngschter gouf, konnt een dovun ausgoen, datt de Video net um Freideg zu Lëtzebuerg gedréint gouf.
Eng kuerz Recherche huet erginn, datt de Video schonn am Juni d'lescht Joer op YouTube (hei) publizéiert gouf. Op Youtube fënnt een e Video vun dräi Minutten, op deem en Tornado an Tschechien ze gesi soll sinn. Aus dësem Video gouf en Deel erausgeholl an als Fake-Tornado-Video zu Lëtzebuerg op TikTok gepost.
Youtube Video
