VermësstemeldungPolice sicht nom 15 Joer ale Rihanna Nella Pettinato

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt, datt d'Rihanna Nella Pettinato vermësst gëtt. Dat 15 Joer aalt Meedche gouf en Donneschdeg den 18. Dezember fir d'lescht gesinn.

D’Rihanna Nella Pettinato gouf en Donneschdeg den 21. Dezember um 14 Auer fir d’lescht gesinn, wéi d’Police mellt.

Dat 15 Joer aalt Meedchen ass tëscht 1,60 bis 1,70 Meter grouss, vu schlanker Statur an huet laang, brong, gekrauselt Hoer, déi hatt eventuell als Wutz oder Dutt zesumme gebonnen huet a brong Aen.

D’Rihanna Nella Pettinato kéint an der Stad an der Géigend vum Garer Quartier oder zu Bouneweg sinn.

Wie weess, wou d’Meedchen ass, oder Hiweiser zu sengem Openthalt huet, ass gebieden, sech bei der Police ënnert der Nummer 244 921 000 oder per Mail op police.atert@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO