Och wann et kee Grond fir Panik gëtt, gëtt den Ausbroch vun den Afepouken an Europa an den USA den Ament vill an de soziale Reseauen diskutéiert. Do gëtt et dann och déi eng oder aner falsch Behaaptung.

D'Skepsis vis-à-vis vun de Regierungen, groussen Organisatiounen an de Medien, wéi och d'Verbreedung vu Verschwörungstheorien, déi wärend der Corona-Pandemie ëmmer méi zum Trend goufen, hunn elo en neien Nährbuedem fonnt: D'Afepouken.

Déi eng behaapten, just homosexuell Leit kënnen déi Krankheet kréien, déi aner mengen, et gëtt vu Leit mat donkeler Hautfaarf verbreet a rëm anerer behaapten, d'Afepouke sinn eng Niewewierkung vum Covid-Impfstoff vun AstraZeneca. Vill Rumeuren. Mir maachen de Faktencheck.

Wat sinn d'Afepouken?

Den Afepoukevirus ass en DNA-Virus a gehéiert zu de Poukeviren. De Virus kënnt aus der selwechter Famill wéi de Variolavirus. Dësen ass den Erreeger vun de Pouken, déi zënter 1980 dank Impfung als ausgerott gëllen. Den Afepoukevirus ass bis haut a Regioune vu West- an Nordafrika endemesch. Dat heescht, dass de Virus an enger Populatioun oder an enger begrenzter Regioun dauerhaft optrëtt.

Den Afepoukevirus gëtt éischter bei Déiere fonnt. Eng Iwwerdroung vun Déier op Mënsch ass awer méiglech. Dëst geschitt duerch Kontakt mat kranker Haut, Blutt oder Ausscheedunge vum Déier. Sou kann den Afepoukevirus zum Beispill vum Déier op de Mënsch iwwerdroe ginn, wann de Mënsch infizéiert Fleesch verschafft.

Wou kommen d'Afepouken hier?
Erklärungen vum Dr. Joël Mossong, Epidemiolog Direktioun Santé

Wann de Mënsch dëse Virus bis huet, iwwerdréit e sech manner liicht op aner Mënsche wéi deemools de Variolavirus. Fir sech unzestiechen, brauch et enke Kierperkontakt respektiv en enkt Zesummeliewen. Sou ass et zum Beispill méi warscheinlech, sech am eegenen Haushalt unzestiechen. Iwwerdroe gëtt de Virus ënnert anerem duerch Kierperflëssegkeeten an de Roff vun de Plazen. Bei sexuellen Handlungen huet ee Wëssenschaftler no e méi héije Risk, sech mat den Afepouken unzestiechen, well hei all d'Konditiounen zesummen erfëllt ginn.

An de leschte Joerzéngte gouf et ëmmer rëm vereenzelt Fäll vun den Afepouken ausserhalb vun den endemesche Gebidder. Dës waren op Reesen an déi betraffe Gebidder zeréckzeféieren. Donieft waren d'Afepouken 2003 an den USA kuerzzäiteg ausgebrach. Et konnt een den Ausbroch deemools op importéiert Präriehënn zeréckféieren, déi an den USA als Hausdéier gehale goufen. 2003 goufe 47 bestätegt a warscheinlech Fäll vum Afepoukevirus registréiert.

Elo ginn et dann an Europa, Nordamerika an Australien eng Partie Fäll vun Afepouken, déi net direkt op Reesen an déi endemesch Gebidder zeréckzeféiere sinn. Ronn 200 Fäll sinn de Moment registréiert an dobäi kommen nach eng Partie Fäll, wou Verdacht op Afepouke besteet. Dorënner och 9 Stéck an Däitschland (Stand 24. Mee 2022).

Liichte Verlaf, kee Grond fir Panik.
Den Dr. Joël Mossong, Epidemiolog bei der Direktioun vun der Santé, erkläert: D'Afepouke sinn net sou schlëmm wéi déi fréier Pouken.

Symptomer vun den Afepouke sinn uganks Féiwer, Kappwéi, Wéi an de Muskelen a geschwolle Lymphdrüsen. Am weidere Verlaf vun der Krankheet komme Plazen, Blose respektiv Knietercher op der Haut dobäi. Eng infizéiert Persoun ass soulaang ustiechend, bis de Roff vun de Plaze fort ass a sech nei Haut gebilt huet. Dat kann e puer Wochen daueren.

Afepouken - den neie Virus aus dem Labo?

Dat ass falsch.

Nodeems d'Situatioun mam Coronavirus sech no 2 Joer Pandemie berouegt huet, sollen d'Afepouken den neie Virus vun der Regierung respektiv vun der Pharmaindustrie sinn, sou Behaaptungen aus de soziale Reseauen.

RTL

© Screenshots vu Facebook

Ma d'Afepouke sinn net nei. Se goufe schonn 1958 bei Afen entdeckt, déi a Gefaangenschaft gelieft hunn. Dohier huet des Pouken-Aart dann och säi Numm, obwuel de Virus eigentlech éischter bei Nagedéieren ze fannen ass. An der demokratescher Republik Kongo gouf 1970 eng éischte Kéier e Fall vun Afepouke bei engem Mënsch registréiert. Deemools gouf de Virus bei engem 9 Joer ale Kand festgestallt.

Déi nei geplangte Pandemie?

Am Mäerz 2021 gouf op der Münchener Sécherheetskonferenz en Zenario duerchgespillt, wou d'Bevëlkerung vun enger Afepouken-Pandemie getraff gëtt a Millioune vu Mënsche stierwen. Ma als Uganks-Datum vun der Afepouke-Pandemie gouf vun de Wëssenschaftler an hirem Zenario de 15. Mee 2022 uginn. Dass elo am Mee 2022 tatsächlech an Amerika, Europa a souguer Australien Fäll vun Afepouke bei mëttlerweil ronn 100 Leit registréiert goufen, ass fir eng Partie Leit op de sozialen Netzwierker de Beweis, dass dës Krankheet vun Uewen erof geplangt war an dëst déi nei Pandemie soll ginn. Am Internet gëtt dann och gäre vu "Plandemie" geschwat, also vun enger geplangter Pandemie.

Et ass eng Tatsaach, dass op der Münchener Sécherheetskonferenz an Zesummenaarbecht mat der Organisatioun "Nucelear Threat Initiative" (NTI) e Pandemie-Zenario mat Afepouken duerchgespillt gouf. Dat war awer alles just fiktiv, fir de Risk vu biologesche Menacen z'analyséieren. Et ass der NTI drëm gaangen, Lücken an der Iwwerpréiwung a Kontroll vun der Biotechnologie virzeweisen. Dass bei dësem Zenario d'Afepouken ausgewielt goufen an tatsächlech aktuell Fäll vun Afepouke registréiert goufen, ass dobäi e pueren Zoufall. De ganzen Zenario vun der NTI kann een hei noliesen.

Et ass net déi éischte Kéier, dass reell Viren a Krankheete fir esou Übungszenarien ausgewielt ginn. "Fir d'Übung wollte mir en Erreeger auswielen, dee sech an eise fiktiven Zenario afüügt", erkläert d'Jaime Yassif, Vizepresidentin vun der NTI, am Interview mat den däitsche Kolleege vun der Tagesschau. Aus enger Rei vun Optiounen hätt een d'Afepouken ausgewielt, well dës fir den Zenario am beschte gepasst hunn.

Nach virun e puer Deeg hunn d'Gesondheetsministere vun de G7-Staaten zu Berlin och esou e fiktive Pandemie-Zenario duerchgespillt. An dëser Übung war eng Pouke-Pandemie duerch e Bass vun engem Leopard ausgebrach.
Esou Übunge gi reegelméisseg gemaach.

E Virus, dee vu Leit mat donkeler Hautfaarf kënnt?

Dat ass falsch.

Déi meescht Fotoen aus dem Internet, op deenen eng Infektioun mat den Afepouken ze gesinn ass, weise Leit mat enger donkeler Hautfaarf. Dëst war an de soziale Reseauen den Ursprong vun enger Partie rassistesche Kommentaren. Persoune mat enger méi donkeler Haut sinn awer net méi ufälleg, fir d'Afepouken ze kréien.

Et ass bekannt, dass den Afepoukevirus an Deeler vu West- an Zentralafrika present ass. An dëse Regioune liewe vill Leit mat enger méi donkeler Hautfaarf. Et ass also logesch, dass déi meescht Fotoen, déi eng Infektioun mat den Afepouke weisen, vu Persoune mat enger donkeler Hautfaarf sinn.

E Virus, deen nëmmen homosexuell Männer kréien?

RTL

© Screenshots vu Facebook

Dat ass falsch.

Et ass richteg, dass e groussen Deel vun den Afepouken-Infektioune bei homosexuellen, bisexuellen an anere Männer, déi mat Männer Geschlechtsverkéier haten, festgestallt gouf. Dorënner goufen eng Partie Fäll a Klinicke fir sexuell Gesondheet entdeckt. D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) wéi och d'Organisatioun UNAIDS weisen awer drop hin, dass jiddereen d'Afepouke kréie kann. De Risk ass hei am héchste bei Leit, déi enke kierperleche Kontakt mateneen hunn. D'Infektioun beschränkt sech awer net op Männer, déi mat Männer schlofen. 

Wisou esou vill homosexuell oder bisexuell Männer ënnert de bekannte Fäll sinn, gëtt den Ament ënnersicht. An der Belsch geet een dovun aus, dass eng Partie Fäll op en Fetisch-Festival zeréckzeféiere sinn. A Spunien iwwerdeems lafen den Ament Ënnersichungen am Zesummenhang mat enger Sauna fir Homosexueller zu Madrid. Dës weidere ginn déi spuenesch Autoritéiten dovun aus, dass och de Festival "Maspalomas Pride", dee vill vun homosexuelle Männer besicht gëtt, e méiglechen Hotspot fir d'Afepouke kéint gewiescht sinn. Et geet een also éischter dovun aus, dass et zoufälleg ass, dass ënnert de Fäll aktuell souvill Männer sinn, déi Geschlechtsverkéier mat anere Männer haten.

Afepouken - Eng Niewewierkung vun AstraZeneca?

RTL

© Screenshots vu Facebook

Wéi een et hei an de Kommentare liese kann, soll de Coronavirus-Impfstoff AstraZeneca Schold sinn um Ausbroch vun den Afepouken. Dës Theorie baséiert sech dorop, dass bei der Entwécklung vum AstraZeneca-Impsfstoff mat engem Schimpansen-Adenovirus geschafft gouf. Dëst ass och an der Produktbeschreiwung vum Impfstoff nozeliesen.

RTL

© Screenshot aus der Produktbeschreiwung/EMA

Dësen Adenovirus ass en Erkältungsvirus, dee genetesch verännert gouf, fir am mënschleche Kierper Schutz géint de Coronavirus opzebauen. Den Adenovirus gëtt hei als Vecteur benotzt. Dat heescht, déi eigentlech Informatiounen vum Coronavirus sinn hei am Adenovirus verpaakt. Dobäi ginn déi mënschlech Zellen duerch d'Impfung an den Asaz vun de Schimpansen-Adenoviren net genetesch verännert an no enger Zäit ofgebaut.

De Schimpansen-Adenovirus am AstraZeneca-Impfstoff huet näischt mam Afepoukevirus ze dinn.

Wat bréngt Poukenimpfung bei den Afepouken?

Eng Partie Etüden hu gewisen, dass d'Poukenimpfung och zu 85 Prozent bei Afepouke wierksam ass. Leit, déi fréier eng Poukenimpfung krut hunn, sinn also besser virum Afepoukevirus geschützt an hunn e méi klenge Risk sech unzestiechen.

D'Poukenimpfung schützt och géint d'Afepouken
Explikatioune vum Prof. Dr. Markus Ollert, Direkter vum LIH

En Impfstoff géint d'Afepouke gëtt et an Europa den Ament net. Ma an den USA huet een awer ronn 1.000 Impfdosisse géint d'Pouken an d'Afepouken. Dës sollen elo bei Leit agesat ginn, déi enke Kontakt mat Infizéierten hunn oder am Gesondheetswiese mat den Afepouken a Kontakt kommen.

Q&A Afepouken