D’Preparatioune fir en neie Rettungsversuch vum Wal Timmy, dee virun der Ostsee-Insel Poel gestrant ass, lafe weider. Fräiwëlleger hunn e Freideg am Virmëtteg eng grouss Aarbechtsplattform un der Kaimauer am Hafe vu Kirchdorf virbereet, op där ënnert anerem Schläich, eng Pompel, e mobille Kran a Maschinne stinn. Och e puer kleng Pontone louche scho prett.
Timmy gëtt Liewenszeechen
Ob de Rettungsversuch klappe wäert, misst sech awer nach weisen. E Freideg de Moien huet de Wal nämlech mat heftege Beweegungen op en Daucher reagéiert. Den Timmy huet e puer Mol fest mat senger Schwanzfloss geschloen a sech bal ëm 90 Grad gedréint, wéi am Livestream vun News5 ze gesi war. D’Daucher hu sech doropshin zréckgezunn.
No e puer Minutten huet de Wal sech nees berouegt a louch nees roueg am hëftdéiwe Waasser. No enger gudder Stonn sinn d’Daucher nach emol mat engem Boot bei de Wal gefuer, fir déi naass Dicher op sengem Réck ze tauschen, déi géint d’Sonn schütze sollen. Dat huet sech d’Déier awer gefale gelooss.
Liest dozou och: