Invité vun der Redaktioun (17. Abrëll)Jean-Michel Campanella, President vum Mieterschutz

Annick Goerens
E Freideg de Moien ass de Locatiounsmarché Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Excessif Präisser, Wunnengen a schlechtem Zoustand a virop eng grouss Penurie. Wei steet et aktuell ëm de Locatiounsmarché hei am Land? Wat sinn déi gréisst Suerge vun de Locatairen? A wei bewäert de Jean-Michel Campanella d’Efforte vun der Politik, wou en Donneschdeg jo op en Neits an der Logementskommissioun vun der Chamber iwwer de Sujet diskutéiert gouf? De President vum Mieterschutz ass e Freideg de Moie kuerz no 8 Auer eisen Invité vun der Redaktioun.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO