President bekannt fir den AusdrockFranséische Schüler äntwert Emmanuel Macron mat "for sure"

RTL Lëtzebuerg
E Schüler hat en Donneschdeg eng spontan Replik parat, wéi de franséische President mat hinnen iwwer d'Liese geschwat huet.
De franséische President Emmanuel Macron waart stilsécher mam Sonnebrëll op den indoneesesche Premierminister Nawaf Salam.
De franséische President Emmanuel Macron mat sengem Sonnebrëll.
© LUDOVIC MARIN/AFP

D’Ried vum franséische President Emmanuel Macron um Weltwirtschaftsforum zu Davos am Januar ass villen an Erënnerung bliwwen - wéineger wéinst dem Inhalt, ma éischter wéinst sengem Optrieden. Wéinst enger klenger Blessur um A hat hien e Pilote-Sonnebrëll op, deem seng Verkafszuelen dunn och prompt duerch de Plaffong gaange sinn.

An engem Deel vu senger Ried huet de franséische President deen Ament och den Ausdrock “for sure” benotzt, deen doropshi vu Museker a Content-Createuren aus aller Welt gesampelt gouf. Den Ausdrock huet ënnert anerem den DJ Bens inspiréiert, deen domat ee Remix vum David Guetta sengem Lidd “Let’s go” gemaach huet. De Video dovunner ass am Internet rasant verbreet ginn.

Den Hype ronderëm dem Macron seng Ried zu Davos ass anscheinend och net un e puer franséische Schüler laanschtgaangen, déi de President en Donneschdeg an der Cité internationale de la langue française zu Villers-Cotterêts besicht huet.

Si hunn an der Ronn iwwer d’Liesen an d’Deconnexioun vun de Soziale Medie geschwat, wou de Macron sot, hie géif souwuel op Englesch, wéi och op Franséisch liesen. Doropshin huet ee Schüler wéi aus der Hëft geschoss mam President sengem berüümten “for sure” geäntwert. Op de Biller, déi vu BFMTV gefilmt goufen, ass ze gesinn, wéi de Sall ufänkt ze laachen an och de President sech ee Grinsen net ka verknäifen. Hie laacht a weist mam Fanger op de Schüler, ier e säi Saz fäerdeg mécht.

Schüler äntwert Macron mat "for sure"
E Schüler hat en Donneschdeg eng spontan Replik parat, wou de franséische President mat hinnen iwwer d’Liese geschwat huet.


Back to Top
CIM LOGO