Mam Caroline Mart geet de Kloertext an d'PensiounNeit Konzept fir politesch Emissioun mam Claude Zeimetz a Pit Everling

RTL Lëtzebuerg
Dësen Donneschdeg war de leschte Kloertext vum Caroline Mart. An et war dee leschte Kloertext iwwerhaapt. Eng politesch Emissioun op RTL Télé wäert et awer och an Zukunft ginn. D'Claude Zeimetz an de Pit Everling gi mat engem neie Konzept an neiem Numm op Sendung.
D’Claude Zeimetz an de Pit Everling stinn an de Startlächer.
© Nelson Cheung

Am Oktober 2007 war den éischte Kloertext op Sendung gaangen, de 16. Abrëll 2026 ass elo Schluss. Eng politesch Emissioun, déi staark duerch d’Moderatrice a Journalistin Caroline Mart gepräägt war, kritt no bal 20 Joer e Facelift.

Am Numm vun der RTL-Redaktioun a sécher och am Numm vu ville Gäscht a vu villen Nokuckerterinnen an Nokuckerte soe mer dem Caroline Mart Merci fir déi vill spannend Theemen a Gespréichspartner, déi an de leschte Joren iwwer d’Antenn gaange sinn. Mat de wichtegsten Hannergrënn, mat de richtege Froen, mat der néideger Empathie respektiv der néideger Distanz. Bravo!

Fir de leschte Kloertext ass déi ganz Redaktioun dem Caroline Merci soe komm.
© Alexandre Benavente Martingil

De leschte Kloertext kënnt Dir hei nach emol kucken:

Neit Konzept, nei Leit

No net grad 20 Joer ass et elo un der Zäit, dass eppes Neies kënnt, mat neie Leit. Aktuell gëtt un engem frëschen, neie Konzept fir d’Rentrée geschafft.

Fir all Politiker, dee sech elo seet “uff”, ee manner, deen desagreabel Froe stellt: D’Relève ass prett. Vum Mee un iwwerhuelen d’Claude Zeimetz an de Pit Everling ofwiesselnd all zweeten Donneschden. Iech erwaarde spannend Gespréichsronnen an Interviewen, dat mat eventuell engem aneren Temperament. ma genee esou vill Bëss.

A wann Dir d’Caroline Mart nach eemol live op Antenn wëllt erliewen: Geleeënheet dozou hutt Dir dëse Samschdeg op dem groussen Télévie-Gala.

Back to Top
CIM LOGO