Ass d'Participatioun bei Enquêtë vum Statec obligatoresch?
Wie vum Statec zoufälleg ausgewielt gëtt, fir bei enger Ëmfro deelzehuelen, muss engem Ziedel no, dee beim Bréif dobäi läit, dëst och maachen.
Den Institut national de la statistique et des études économiques mécht zu Lëtzebuerg verschiddenst Ëmfroen. D'Leit, déi an den Echantillon falen, gi vum Statec ugeschriwwen an opgefuerdert, un der Ëmfro deelzehuelen. Wien dat net mécht, muss domadder rechnen, datt e Rappell wäert an der Bréifboîte leien. Well nieft de Logindaten, fir un d'Ëmfro ze kommen, respektiv de Kontaktdaten, wéi ee sech soss beim Statec ka mellen, läit och en Ziedel dobäi, wou et ëm d'Sécherheet vun de perséinlechen Donnéeë geet.
Deen Ziedel ass a verschidden Ënnerkategorien opgedeelt. Eng dovunner huet den Titel "Obligatoresch Participatioun". Mä ass et wierklech obligatoresch, bei esou enger Ëmfro matzemaachen? Wat kann engem passéieren, wann ee refuséiert?
Geet op e Gesetz vun 2011 zeréck
D'Gesetz vum 10. Juli 2011 beschäftegt sech mat der Organisatioun vum Statec. Am Artikel 13 ass festgehalen, datt all d'Administratiounen, d'Gemengen, staatlech Etablissementer an all d'Persounen, egal op physesch oder moralesch, Informatiounen, déi vum Statec gefrot ginn, an dem festgesaten Delai musse liwweren.
"Les administrations publiques, les communes et les établissements publics ainsi que toutes les personnes physiques ou morales sont tenues de fournir les renseignements statistiques demandés par le STATEC dans les délais fixés dans sa requête."
Wéi de Statec präziséiert, muss een un all Ëmfro vun hinnen deelhuelen, ausser dës si kloer als "fakultativ" gekennzeechent. Ee Beispill fir esou eng fakultativ Ëmfro war d'Enquête "Technologies de l’information et de la communication – TIC“, déi sech u Jugendlecher adresséiert.
"A moins d’une mention expresse du caractère facultatif, l’obligation de répondre s’attache à toute demande d’information du STATEC se fondant sur le programme statistique national ou sur des programmes statistiques européens et internationaux."
Wann een net un der Ëmfro deelhëlt oder bewosst Falschinformatiounen erausgëtt, muss ee mat enger Strof vun 251 bis zu 2.500 Euro rechnen. Och wann een d'Strof bezuelt huet, muss een d'Froe vum Statistiksbüro trotzdeem beäntweren, heescht et am Artikel 15 vum Gesetz vum 10. Juli 2011.
"Le refus de fournir les renseignements demandés, le refus de les fournir dans le délai prescrit ainsi que le fait de fournir intentionnellement des renseignements inexacts ou incomplets est passible d’une amende de 251 euros à 2.500 euros. Le paiement de l’amende ne dispense pas de la fourniture de l’information demandée."
Aus dem Ekonomiesministère, där hire fréiere Minister Jeannot Krecké d'Gesetz 2011 mat ënnerschriwwen hat, heescht et: "D'Missioune vum STATEC sinn et, ëffentlechen a privaten Entscheedungsdréier souwéi de Bierger héichwäerteg ëffentleche statistesch Informatiounen ze bidden. Fir e representatiivt an treit Bild vun der Gesellschaft kënnen duerzestellen, ass et wichteg, dat d’Bevëlkerung bei den Ëmfroe vum STATEC matmëscht. Nëmmen esou ka garantéiert ginn, datt déi publizéiert Donnéeë representativ a relevant sinn."
Eng 15 obligatoresch Ëmfroe pro Joer
De Statec mécht en Ënnerscheed tëscht Enquêten, déi un Eenzelpersoune ginn, an deene fir Entreprisen. Fir Privatstéit sinn dat der ongeféier 15 am Joer: "D'Frequenz variéiert vun trimesteriell (zum Beispill Enquête Tourismus), järlech (zum Beispill Budget vun de Ménagen, Revenues et conditions de vie des ménages, Utilisation de l’internet) bis zu dem 10-Jores-Rhythmus bei der Vollekszielung." Fir d'Entreprisë ginn et der eng 33 am Joer.
D'Stéchprouwe-Gréisst gëtt dacks um europäeschen Niveau festgeluecht, "fir en akzeptabelen Niveau vun der statistescher Prezisioun ze garantéieren. D‘Gréisst variéiert dofir vun enger Ëmfro zu der anerer." Déi Klengst riicht sech un ëm 1.000 Persounen oder Stéit, déi Gréisst ka bis op 5.000 eropgoen.
Wie muss matmaachen? Rengen Zoufallsprinzip!
All d'Persounen, déi am "Registre national des personnes physiques" drastinn, kënnen zoufälleg ausgewielt ginn, fir un enger Enquête deelzehuelen. Et ass hei och méiglech, datt eng Persoun méi wéi eng Kéier ausgewielt gëtt. "Wéinst der klenger Gréisst vun eisem Land ass d'Warscheinlechkeet, ausgewielt ze ginn, méi héich wéi an engem gréissere Land," heescht et vum Statec.
E spezielle Recours, fir net mussen un Enquêtë vum Statec deelzehuelen, ass net virgesinn. Och net wann een d'Froen ze perséinlech fënnt. "An deem Fall spillt den droit commun an déi betraffe Persoun kann e Recours bei der zoustänneger Verwaltung areechen," heescht et vum Ministère, deen awer och präziséiert, datt de Statec hir Enquêten op Froe limitéiert, déi als Informatioune fir fiabel Statistike gebraucht ginn. "De Froekatalog ass och oft duerch europäesch Reglementer virginn, sou datt an deene Fäll an der ganzer EU identesch Froe vun de statisteschen Ämter gestallt ginn, fir datt och d’Äntwerte vergläichbar sinn."
Änlech gesäit dat den zoustännege Minister bei enger parlamentarescher Fro vum Sven Clement aus dem Joer 2021. De Piratendeputéierte wollt wëssen, ob d'Gesetz vum 10. Juli 2011 net am Konflikt mat dem "Droit à la vie privée" géif stoen. Dëst Gesetz, esou de Ministère deemools, steet der Obligatioun, fir bei den Ëmfroe vum Statec musse matzemaachen, géintiwwer. "Dat kuerzt Gesetz vum 11. August 1982 ass virun allem dorop aus, fir Écouten, Enregistrementer, Iwwerwaachungen a Verletzunge vun der Korrespondenz ze ënnerbannen an ze bestrofen. Dës Aktivitéiten hunn näischt mat der Aarbecht vun engem statisteschen Amt ze dinn".
Vu Rappellen iwwer Uriff bis zu enger Plainte
De Statec präziséiert op Nofro, datt juristesch Suitte just déi lescht méiglech Schrëtt vun engem laange Prozess sinn, fir Persounen oder Entreprisen dozou ze bréngen, un der Ëmfro deelzehuelen. "Dozou gehéiere mindestens zwee schrëftlech Rappellen, ageschriwwe Bréiwer, Telefonsuriff, Passagë bei de Persounen doheem am Fall vun enger perséinlecher Ëmfro esou wéi Virschléi fir de Leit an de Betriber ze hëllefen."
Den Ekonomiesministere präziséiert, datt am Fall vun enger Net-Kooperatioun, d'Police e Procès verbal mécht, deen da bei de Parquet geet. "De Statec huet nach keng Plainte géint eng Privatpersoun gemaach, déi hirer Flicht un enger Ëmfro deelzehuelen, net nokomm ass. Et ass awer scho virkomm, datt de Statec eng Plainte géint e Betrib agereecht huet, dee refuséiert huet, op eng vun den Enquêten ze äntweren." Dat geet och aus enger parlamentarescher Fro vum Marc Goergen vum Februar 2025 ervir, déi vum Ekonomiesminister Lex Delles beäntwert gouf.
Zil vun den obligatoreschen Enquêten: qualitativ héichwäerteg Statistiken ze produzéieren
Et mussen esou vill Leit wéi méiglech bei den Ëmfroe vum Statec matmaachen, fir datt de Statec qualitativ héichwäerteg Statistike ka produzéieren. "Nëmmen esou ka garantéiert ginn, datt déi publizéiert Donnéeë representativ a fiabel sinn. D’Deelhuelen un den Ëmfroe vum STATEC ass dohier obligatoresch", heescht et vum Statistiksbüro.
Fazit: Déi meescht Ëmfroe vum Statec sinn obligatoresch
Fir héichwäerteg statistescht Informatiounen opbereeden ze kënnen, ass den nationale Statistiksbüro drop ugewisen, datt esou vill wéi méiglech Leit bei hiren Enquêtë matmaachen. Dowéinst ass am Gesetz vum 10. Juli 2011 festgehale ginn, datt d'Participatioun fir d'Bierger, d'Verwaltungen an d'Entreprisen obligatoresch ass. Wien net matmécht, ka mat enger Plainte an enger Geldstrof rechnen, och wann dat fir de Statec just de leschten Auswee ass.
