
An der Nuecht op e Samschdeg war der Police e Mann am Garer Quartier gemellt ginn, deen um Kapp geblutt huet. Op der Plaz sinn d'Beamte gewuer ginn, datt et virun engem Appartementshaus zu engem Sträit tëscht dem Affer an zwee anere Männer, déi hie kannt huet, koum. Bei der Ausernanersetzung gouf d'Affer schwéier blesséiert.
Déi zwee Verdächteg konnte kuerz drop festgeholl ginn a koumen e Samschdeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.
Ketten an der Uewerstad geklaut
Donieft mellt d'Police nach en Déifstall an der Uewerstad. Éischten Informatiounen no ass d'Affer aus engem Bus erausgeklommen, wéi e Mann e Bouquet Blumme virum Affer fale gelooss huet - warscheinlech fir d'Affer opzehalen. Doropshin huet de Mann dem Affer géint d'Broscht geschloen, huet d'Kette geklaut an ass geflücht. D'Police huet Ermëttlunge lancéiert.