Schëss beim Wäissen HausPassant getraff, Täter vu Secret Service erschoss

AFP, iwwersat vun RTL
Net wäit vum Wäissen Haus zu Washington gouf et e Samschdeg den Owend e Schosswiessel tëscht dem Secret Service an engem Ugräifer. De Mann hätt einfach seng Waff gezunn an ugefaange mat schéissen.
In der Nähe des Amtssitzes von US-Präsident Donald Trump hat ein Mann auf Sicherheitskräfte des Secret Service geschossen.
Beamte vum Secret Service beim Wäissen Haus
© AFP

Den US-President wier duerch de Virfall net beanträchtegt ginn, heescht et vum Kommunikatiounschef vum Secret Service, dem Anthony Guglielmi. Deemno hat de Mann géint 18 Auer net wäit vun der Sécherheetszon ronderëm d'Wäisst Haus "eng Waff aus senger Täsch gezunn an ugefaangen ze schéissen".

Wéi de Guglielmi erkläert, hätten d'Beamte vum Secret Service doropshin zréckgeschoss an hätten "de Verdächtege getraff, deen an e Spidol an der Géigend bruecht gouf, wou hie fir dout erkläert gouf". Wat d'Motiv vum presuméierten Täter war, ass aktuell nach net gewosst. Beim Schosswiessel gouf och e Passant getraff. Zu sengem Zoustand huet de Secret Service näischt gesot. D'Beamte wieren awer net blesséiert ginn.

Eng Rei US-Medie mellen, datt den Ugräifer den 21 Joer alen Nasire B. aus dem Bundesstaat Maryland wier. Hie wier an der Vergaangenheet duerch psychesch Problemer opgefall a wier ëmmer nees mat Beamte vum Secret Service uneneegeroden.

Den Donald Trump war wärend dem Virfall am Wäissen Haus. Wéi hie selwer matgedeelt hat, war den 79 Joer ale Staatschef iwwer de laange Weekend zu Washington bliwwen, fir un engem Accord fir en Enn vum Iran-Krich ze schaffen, amplaz bei der Hochzäit vu sengem eelste Bouf Donald Trump Jr. dobäi ze sinn.

No de Schëss gouf d'Wäisst Haus vu sëllege Sécherheetsbeamte wäitraimeg ofgespaart. De Chef vum FBI, de Kash Patel, huet op X erkläert, datt Beamte vu senger Autoritéit de Secret Service "an der Géigend vum Terrain vum Wäissen Haus" ënnerstëtzte géingen. Membere vun der Nationalgard hunn iwwerdeem den Accès an den Zentrum vu Washington gereegelt.

De kanadeschen Tourist Reid Adrian huet der AFP erzielt, datt hien an der Géigend vum Wäissen Haus "20 bis 25" Geräischer héieren huet, déi wéi Freedefeier geklongen hätten - "mä et ware Schëss, an dann ass jidderee lass gelaf".

Journalisten, déi zum Zäitpunkt vum Virfall beim Wäissen Haus waren, hunn op X geschriwwen, datt si ugewise gi wieren, fortzelafen an am Pressekonferenzsall vum Wäissen Haus Schutz ze sichen.

Back to Top
CIM LOGO