Iwwer 30 Grad e SonndegMeteoLux gëtt Hëtztwarnung fir de Süde vum Land eraus

RTL Lëtzebuerg
Meteolux huet fir de Süde vum Land eng giel Warnung fir e Sonndeg erausginn.
Symbolbild
Symbolbild
© Wirestock

Mat engem Héichdrockgebitt iwwer Europa kënnt dëse Weekend am Grand-Duché richtegt Summerwieder op. Allerdéngs bréngen déi héich Temperaturen och eng waarm an dréche Loft mat sech.

Fir de Süde vum Land huet MeteoLux dowéinst eng giel Hëtztwarnung eraus ginn. Well den Thermometer e Sonndeg bis op iwwer 30 Grad klamme kann, warnt MeteoLux virun ze laanger kierperlecher Aktivitéit, déi zu hëtztbedéngter Middegkeet an Erschëpfung féiere kann.*

Giel ass déi éischt Warnstuf a seet aus, dass eng méiglech Gefor besteet.

Giel Hëtztwarnung fir de Süde vum Land
Giel Hëtztwarnung fir de Süde vum Land
© Screenshot MeteoLux



An eisem Artikel vun zejoert kënnt Dir nach emol noliesen, wéi Dir am beschte mat den hëtzegen Temperaturen ëmgoe kënnt:

Wie sech iwwerdeem de Weekend um Stauséi wëll ofkillen, deen erënnert d'Police un d'Reegen, un déi sech ze hale sinn:


*An enger éischter Meldung hat MeteoLux hir Warnung vun 13 bis 19 Auer uginn, dës hu si awer elo op de ganzen Dag erweidert.

Back to Top
CIM LOGO