FaktencheckBild vu Kameramann, deen Alex Honnold beim Eropklammen op Taipei 101 filmt, ass KI-generéiert

AFP
Wéi den amerikaneschen Dropgänger Alex Honnold am Januar 2026 ouni Sécherung op den héchsten Wollekekrazert vun Taiwan geklommen ass, gouf dat live iwwer déi ganz Welt gestreamt.
© RTL Grafik

E Bild, dat aktuell an de Sozialen Netzwierker d’Ronn mécht an angeeblech e Kameramann weist, deen de Stunt gefilmt huet, wärend hien un der Fassad vum Taipei 101 houng, ass awer eng KI-Kreatioun. Am Bild ass kloer ze markéiert, dass et mat KI-Tool vu Google erstallt gouf. Ausserdeem ënnerscheet et sech vun den Opnamen an den Norichten, déi den Honnold als éischte Mënsch weisen, deen den 101 Etagen héijen Tuerm ouni Seel, Gurt oder Sécherheetsnetz eropgeklomme war.

“Dee Kameramann ass sou en haarde Kärel”, steet an der Bildbeschreiwung an traditionellem Chineesesch. Et gouf de 26. Januar 2026 op Threads gedeelt.

D’Bild schéngt e Kameramann ze weisen, dee sech mat enger Hand un engem Gebai festhält, wärend hien den Honnold beim Eropklamme vun engem Wollekekrazert filmt.

Screenshot of the false post captured on January 31, 2026, with a red X added by AFP
E Screenshot, deen den 31. Januar vun AFP op “X” gemaach gouf, vum falsche Post.
© AFP

D’Bild gouf och an änleche Bäiträg op YouTube , Facebook an X gedeelt, nodeem den Honnold de 25. Januar als éischte Mënsch den Taipei 101 ouni Seel, Gurt oder Sécherheetsnetz eropgeklomme war (archivéierte Link).

Den Honnold hat virun dësem Stunt schonn e puer beandrockend Fielsmaueren op der ganzer Welt bezwongen a war 2017 bekannt ginn, wéi hien den “El Capitan” am Yosemite Nationalpark (an den USA) eropgeklotert war, dee senge Kolleegen no vun der technescher Schwieregkeet hier déi usprochsvollst Mauer an dësem massive Granitmonolith war.

Säi jéngst dropgängerrescht Konschtstéck gouf vun Netflix live un e weltwäite Publikum gestreamt, dat materlieft huet, wéi den Honnold 508 Meter ouni Ofsécherung an Hëllefsmëttel an annerhallwer Stonn eropgeklommen war.

Eng Analys vum Bild, dat aktuell am Ëmlaf ass, mat SynthID - engem vu Google ageféierten Detekter fir d’Identifizéierung vu KI-generéierte Contenuen - ergouf awer mat “immens héijer” Warscheinlechkeet, dass et mat Hëllef vu KI-Tools vu Google erstallt gouf (archivéierte Link).

Screenshot of the SynthID Detector results
Screenshot of the SynthID Detector results
© AFP

D’Bild weecht och vu Fotoen a Video aus den Norichten iwwer dem Honnold seng Aktioun of.

Op enger AFP-Foto ass ze gesinn, dass den Honnold e rout Hiem, eng schwaarz Box a giel Schong unhuet, wéi hien den Taipei 101 eropgeklotert war, wärend d’Bild, dat am Ëmlaf ass, den Honnold mat enger groer Box an donkele Schong weist.

Och säi wäisse Sachet mam Kallek ass op dem fälschlech verbreete Bild rout gefierft.

Screenshot comparison of the falsely shared image (L) and the AFP photo, with differences highlighted by AFP
Screenshot comparison of the falsely shared image (L) and the AFP photo, with differences highlighted by AFP
© AFP

Dat fälschlech gedeelt Bild weist den Honnold och mat engem Seel ronderëm d’Hëft, awer Live-Opnamen, déi vun TVBS News gestreamt goufen, weisen, dass hien just e Seel benotzt huet, wéi hie sech vun der Spëtzt vum Taipei 101 ofgeseelt huet. D’Struktur vum Originalgebai ënnerscheet sech vun deem, wat op de fälschlech gedeelte Biller duergestallt ass (archivéierte Link).

Screenshot comparison of the false photo (L) and TVBS News' live broadcast, with highlights added by AFP
Screenshot comparison of the false photo (L) and TVBS News’ live broadcast, with highlights added by AFP
© AFP

De Stunt gouf och vun enger Rei Kameramänner gefilmt, déi entweeder u Seeler houngen u feste Plazen op dem Gebai stationéiert waren - an net un der Säit vum Wollekekrazert houngen, wéi op dem fälschlech gedeelte Bild duergestallt.

D’AFP huet nach aner Falschbehaaptungen iwwer KI-generéiert Contenuen opgedeckt.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Back to Top
CIM LOGO