
Véier Deeg no der déidlecher Attack op en Zuchbegleeder an engem Regionalzuch a Rheinland-Pfalz stinn nach ëmmer eng Partie Froen iwwer d’perséinlech Situatioun vum presuméierten Täter op, och wat säi Motiv ugeet.
Wéi de Parquet vun Zweebrécken op Nofro géigeniwwer RTL erkläert, géif aktuell iwwerpréift ginn, ob de 26 Joer ale presuméierten Täter tatsächlech e Lëtzebuerger Resident ass, sou wéi hien dat behaapt. An dësem Kontext géifen an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Police eng polizeilech Enquête lafen. Weider Detailer kéint een den Ament net nennen.
Firwat de presuméierten Täter sech zum Zäitpunkt vun der Dot am Regionalzuch opgehalen huet, wouhin hie wollt fueren an ob hien den Dag vun der Dot selwer aus Lëtzebuerg an Däitschland gereest ass oder sech scho méi laang am Land opgehalen huet, wier aktuell Géigestand vun de lafenden Ermëttlungen.
Och zu de méigleche Motiver géif aktuell enquêtéiert ginn. De Beschëllegten hätt bis ewell vu sengem Recht, d’Ausso ze verweigeren, Gebrauch gemaach an hätt sech deementspriechend net dozou geäussert.