Integratioun vu 7 transversale SujetenD'Grondschoulen zu Lëtzebuerg kréien een neie Léierplang, dat scho vun der nächster Rentrée un

Céline Eischen
16 Informatiounsversammlunge ginn an den nächste Méint fir d'Enseignanten uechter d'Land organiséiert. 
© Christophe Hochard

D’Grondschoulen zu Lëtzebuerg kréien een neie Léierplang: Den Educatiounsminister Claude Meisch huet dësen e Freideg op enger Pressekonferenz virgestallt. Déi lescht Revisioun vum Léierplang war 2011. An dëser Zäit hätte sech déi schoulesch a gesellschaftlech Realitéite verännert, dofir wier et elo Zäit ginn, d’Léierziler an d’Kompetenzsockelen an der Grondschoul un dës Entwécklungen unzepassen.

Gréissten Neiheet ass d’Integratioun vu 7 transversale Sujeten, wéi zum Beispill nohalteg Entwécklung, Medien a Kënschtlech Intelligenz, mee awer och Wirtschaft, Finanzen a Liewensentscheedungen. Dës Sujete sollen dann och net a separate Fächer behandelt ginn, mee an déi bestoend Fächer an Aktivitéiten integréiert ginn.

Deen neie Léierplang gëtt da scho vun der nächster Rentrée un an de Cyclen 1 an 2 agefouert, d’Cyclen 3 a 4 sinn d’Joer drop drun. 16 Informatiounsversammlunge ginn an den nächste Méint fir d’Enseignanten uechter d’Land organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO