
An der Stad gouf e Puppelche vun engem frieme Mann geschloen. De Parquet deelt dat mat. En Donneschdeg den Owend géint 22.30 Auer ass eng Famill mat engem klenge Kand duerch d’Avenue Emile Reuter getrëppelt. D’Mamm hat de Puppelchen um Aarm wéi op eemol e Passant d’Kand mat der Fauscht hannen op der Kapp geschloen huet.
De Papp ass dem Täter hannendru gelaf, mä deen huet signaliséiert, datt en e Messer bei sech hätt. Den Auteur vun der Dot huet sech dono an engem Gebai an der Areler Strooss verstoppt, an deem sougenannt Squatter sech ophalen. D’Police konnt de Mann stellen. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum bei den Untersuchungsriichter.
Hie gouf ugeklot, wéinst versichtem Mord oder Kierperverletztung bei engem Kand ënner 14 Joer. Den Täter sëtzt an Untersuchungshaft. Et gëllt weiderhin d’Onscholdsvermutung. De Puppelche gouf hospitaliséiert. Zum Gesondheetszoustand ginn et aktuell keng Informatiounen.
Op Nofro beim Parquet krute mer matgedeelt, dass de presuméierten Täter 35 Joer huet.