Affär WilmesPatiente reagéieren op Affär Wilmes : "Ech hunn him blann vertraut"

Marlène Clement
Gutt zwou Wochen ass et hier, datt de Fall vun engem temporär suspendéierte Chirurg aus dem HRS public ginn ass.
© SVEN HOPPE/dpa Picture-Alliance via AFP

Sechs Confrèren aus dem CHL haten den Dr Philippe Wilmes denoncéiert, well dësen onnéideg Knéioperatioune bei 15 Patiente soll gemaach, respektiv geplangt hunn. Reprochen, déi den Dokter selwer an der Ëffentlechkeet vu sech weist. Bis ewell hu sech och 35 Leit bei der Patientevertriedung gemellt. Och un eis sinn eng Rei Patienten erugetrueden, déi vum orthopedesche Chirurg um Knéi operéiert goufen.

D’Marlène Clement huet mat Concernéierte geschwat. Hir Nimm hu mir fir de Reportage geännert. Och d’Stëmme goufe verstallt.

Patiente reagéieren op Affär Wilmes - Reportage vum Marlène Clement

2016 ass den Nicolas fir eng éischte Kéier mam Miniskus vum Dokter Philippe Wilmes operéiert ginn. Deemools ouni weider Komplikatiounen, seet hien. Enn 2024 ass de Futtballspiller zeréck bei den Orthoped gaangen, well hien nees Péng am rietse Knéi hat a Blockaden, haaptsächlech nom Sport. D’Problemer kéimen doduerch, datt d’Kräizband net funktiounsfäeg wier, respektiv ganz dënn wier, hätt den zoustännegen Dokter him dunn erkläert.

Dat heescht, mir kéinten elo de Miniskus operéieren, mee da géife mer dat all puer Joer eng Kéier maachen. An da géife mer iergendwann vun Arthrose schwätze respektiv vun engem neie Knéi. An dat wär a mengem jonken Alter jo awer net dat, wat ee wëll. Dofir géif hie mir virschloen, d’Kräizband nei ze maachen. Doduerch géif mäi Knéi da wéi nei sinn duerno.

Éischt Zweiwel wärend der Reha

Am Mäerz zejoert dunn d’OP un de Kräizbänner. Wärend der Reha hätten d’Kinéen hien drop higewisen, datt eppes net stëmmt. Doropshin hätt hie sech ee weidere Rendez-vous beim Orthoped geholl, wier awer do fir d’éischt vu senger Assistenzdoktesch gesi ginn, déi him eng Ordonnance verschriwwen hätt, fir nach eng Kéier en IRM ze maachen.

Nodeems den Här Dr Wilmes dann och erakomm ass a seng Tester gemaach huet, huet en d’Ordonnance zerrappt a mer gesot, ech soll mer keng Gedanke maachen, mäi Knéi wier tipptopp an der Rei. Dat géif eben daueren.

Bis haut géing hie keng Verbesserung gesinn. D’Bee kréich hien net méi ganz gestreckt. Nodeems de Fall ëffentlech ginn ass, huet den Nicolas sech ee Rendez-vous bei engem aneren Orthoped geholl.

“A fir et ganz kuerz ze zitéieren. Ech zitéieren deen Dokter, bei deem ech war. Mir géifen hei vun enger grober Kierperverletzung schwätzen.”

Och aus dem IRM, deen de Nicolas dräi Méint virun der OP maache gelooss huet an deen eis virläit, geet ervir, d’Kräizbänner waren intakt. Een zweeten Avis virun der Operatioun hat hien deemools net gefrot. Hien hätt och Vertraue gehat, well 2016 alles gutt gaange war.

Ech hunn him blann vertraut

Änlech ass et dem Paul ergaangen. Den haut 32 Joer ale Sportler ass 2024 bei den orthopedesche Chirurg gaangen, well hie säi Knéi wéi hat. Deen hätt him gesot, hie misst direkt un de Kräizbänner operéiert ginn, soss kéint e säi Knéi an e puer Joer vergiessen.

Véier Deeg drop louch hien um OP-Dësch. Hie wier deemools frou gewiescht, datt hien esou séier gehollef krut. “Ech hunn him blann vertraut”, esou de Mann.

Intakt Kräizbänner operéiert?

Bis haut kritt hie säi Been net méi ganz gestreckt, normal Trëppelen oder Auto fuere fält him schwéier. Och hie war rezent bei en aneren Orthoped. Dee schreift an engem Dokument, dat eis virläit :

L’indication d’une intervention de plastie du LCA ne s’explique ni par l’anamnèse du patient, ni par ses symptomes, ni par l’imagerie préopératoire.

De Paul ass ee vun enger ganzer Rei Patienten, déi Plainte beim Collège médical gemaach hunn. De Collège médical huet eng disziplinaresch Prozedur géint de Chirurg an d’Weeër geleet.

Fir och deenen eng Stëmm ze ginn, ëm déi et um Enn an dëser Affär geet, huet RTL decidéiert, dës Temoignagen ze publizéieren. D’Aussoe loosse sech net onofhängeg iwwerpréiwen. Et gëllt weider d’Présomption d’innocence.

Back to Top
CIM LOGO