Invité vun der Redaktioun (6. Februar)Fred Keup, ADR-Fraktiounschef

François Aulner
E Freideg de Moie sinn d'Unisex-Toiletten Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

“Et wäerten och weiderhin Toilettebléck mat Kabinnen exklusiv fir Jongen, Toilettebléck mat Kabinnen exklusiv fir Meedercher, a neutral Toilettebléck an de Lycéeë ginn.”

Esou steet et an der Äntwert vun de Ministere Meisch a Backes e Méindeg op eng parlamentaresch Fro vun der Parteikolleegin an Deputéiert Barbara d’Agostino. D’Woch virdrun hat en héije Beamten an den zoustännege Chamberkommissiounen awer nach gesot, datt et neutral Toilette solle ginn. D’ADR huet dat ferm kritiséiert a krut Ënnerstëtzung vun der CSV. D’DP ass duerno also zeréckgeruddert.

Fir doriwwer ze schwätzen, ass den ADR-Fraktiounschef Fred Keup eisen Invité vun der Redaktioun. Mat him schwätze mer awer och iwwert de Mindestloun an d’Entwécklung vum Emploi.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO