
De franséische Staat soll eleng am Mäerz duerch d’Präishaussen vun de Pëtrolsproduiten ronn 270 Milliounen Euro supplementär ageholl hunn.
Wéi och Frankräich erhieft de Grand-Duché Steieren op all d’Pëtrolsproduiten, déi am Land verkaf ginn. Engersäits sinn dës Accisen, also e fixe Montant, an anerersäits ass et d’TVA, déi ofhängeg ass vum Präis, deen de Liter aktuell kascht.
Den 10. Abrëll hunn den Finanz- an den Ekonomiesministère hir Aschätzung ginn, wat d’Haussë vun de Bensinn-, Diesel- a Masuttpräisser u Surplus an d’Staatskeese bruecht hunn. D’Accisë si jo onverännert bliwwen, ma duerch d’TVA huet ee 5,65 Milliounen Euro supplementär ageholl, dat tëscht dem 1. Mäerz an dem 9. Abrëll. De Mars di Bartolomeo an de Georges Engel wollten dëst an enger parlamentarescher Fro wëssen.
Och wann dës 5,65 Milliounen Euro no vill ausgesinn, maache si grad emol 0,02 Prozent vun deem Aus, wat de Staat Enn d’lescht Joer geschat huet, wat een fir d’Joer 2026 géif erakréien. Hei rechent ee mat 27 Milliarden Euro. De Budget vum Staat wier domadder awer defizitäre, well ee mat Ausgaben an Héicht vun 30 Milliarden Euro rechent.
D’Kolleege vun RTL Infos hunn dëst nogerechent. Den 3. Mäerz 2026 huet ee fir ee Liter Diesel missen 1,485 Euro bezuelen, dovun huet de Staat iwwer d’TVA 21,58 Cent ageholl. De 4. Abrëll, wéi den Diesel op Rekordniveau geklommen ass, huet de Liter 2,186 Euro kascht, vun deenen 31,76 Cent iwwer de Wee vun der TVA un de Staat gaange sinn. E Plus vun iwwer 10 Cent de Liter also, wärend d’Hausse vum Verkafspräis awer bei ronn 70 Cent pro Liter louch. De 15. Abrëll ass de Präis dunn nees ënner zwee Euro gefall. Vun den 1,934 Euro, déi een als Automobilist huet musse fir ee Liter op den Dësch leeën, goufen 28,1 Cent un TVA bezuelt.
Ob de Staat e Surplus un Taxen erakritt, hänkt awer och staark dovunner of, wéi héich d’Quantitéit u Bensinn, Diesel a Co ass, déi verkaf ginn. Wann d’Automobilisten nämlech manner tanken a consomméieren, hëlt de Staat manner TVA an, obwuel ee jo pro Liter u sech méi kritt. Bei den Accisen, déi bei 46 Cent um Diesel a bei 57 Cent um Bensinn leien, ass et d’selwecht.
De Lëtzebuerger Staat huet dann net virgesinn, déi 5,65 Milliounen Euro, déi een als Surplus un der Vente vu Pëtrolsproduiten ageholl huet, als cibléiert Hëllefen anzesetzen. Béid concernéiert Ministeren begrënnen hir Decisioun domadder, datt d’Gesetz et dem Staat net erlaabt, spezifesch Recettë fir spezifesch Depensen anzesetzen. De Lex Delles an de Gilles Roth erënneren awer drun, datt d’Regierung scho verschidde Mesurë geholl hätt, fir d’Stéit z’entlaaschten. Dorënner eng Augmentatioun vun der Allocation de vie chère an d’Verdräifache vun der Energieprimm. Zwou Decisiounen, déi 2025 geholl goufen. Weider hätt ee sech un de Reseauskäschte beim Stroum bedeelegt an de Steierbarême ugepasst.