
De Gesetzesprojet iwwert eng finanziell Bedeelegung vum Staat am neie Joer fir d’Stroumnetzkäschte gouf en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber unanime ugeholl.
Fir d’Stéit an d’Betriber ze entlaaschten, gesäit de Staat fir 2026 eng Contributioun an Héicht vu 150 Milliounen Euro bei de Käschte fir de Stroureseau vir. Déi finanziell Hëllef soll vu Januar un automatesch op all Stroumrechnung applizéiert ginn.
Trotz engem “Jo”, hu verschidden Oppositiounsparteien sech awer och kritesch gewisen. D’LSAP ass der Meenung, d’Mesure wier net cibléiert genuch, well och déi géinge profitéieren, déi vill verbrauchen a sech dat och leeschte kënnen. Et dierft een och kee falscht Signal senden. Fir d’Klimaziler ze erreechen, bräicht et méi ee sobere Model an et misst ee sech weider dru ginn fir Energie ze spueren, esou den LSAP-Deputéierten Georges Engel.
Den ADR-Deputéierten Tom Weidig ass der Meenung, datt déi Entlaaschtung keng Léisung ass fir déi zukünfteg Problemer a punkto Stroumtariffer- a Stroumversuergung. Et wier eng Mesure fir ee Schock an d’Längt ze zéien, dat kéint een awer net éiweg. Déi gréng Deputéiert Joelle Welfring bedauert, datt et kee Plang vun der Regierung gëtt, wat no 2028 soll geschéien. E géing keng Previsibilitéit fir d’Stéit déi an d’Elektrifizéierung investéieren.
De Marc Goergen vun de Piraten huet sech zefridde gesinn, datt en Deel iwwerholl gëtt, fir d’Piraten hätt et awer kënnen nach méi sinn fir d’Stéit ze entlaaschten. Den David Wagner vun déi Lénk fënnt d’Energie misst 100 Prozent an ëffentlecher Hand sinn, dat wier och eng Fro vun der nationaler Souveränitéit.
De Staatsrot huet iwwerdeems keng formell Oppositiounen a sengem Avis formuléiert. D’Chambre des salariés begréisst déi staatlech Bedeelegung, warnt awer och virun eventuellen Inegalitéiten, well d’Aide net cibléiert ass, huet d’Rapportrice, d’DP-Deputéiert Carole Hartmann preziséiert.