Och zu Tandel sinn d'Wierfelen elo gefall. D'Éischtgewielte Carole Gils gëtt nei Buergermeeschtesch vun der Nordgemeng.

Den Zweetgewielte Frank Schmit gëtt 1. Schäffen. De Poste vum 2. Schäffe gëtt opgedeelt. Fir déi éischt dräi Joer iwwerhëllt de Marc Roeder, deen op Plaz Véier koum, a fir de Rescht vun der Legislaturperiod iwwerhëlt den Drëttgewielte Claude Bingen. De laangjärege Gemengepapp an Deputéierten Aly Kaes war dëst Joer net méi bei de Walen ugetrueden.