No der déidlecher Messerattack op 2 Meedercher a Baden-Württemberg hat d'Police 3 Verdächteger festgeholl. Een dovunner huet sech lo d'Liewe geholl.

No der Dot vun e Méindegmoie war de 27 Joer alen eritreeëschen Haaptverdächtege jo an en Haus geflücht, wou sech zwee weider Eriträer opgehalen hunn, dorënner och de 25 Joer ale Mann. Och hie gouf festgeholl, kuerz duerno awer nees fräigelooss. Wéi d'Police matdeelt, soll e sech lo d'Liewe geholl hunn. Géint hien huet kee Verdacht bestanen.

D'Motiver vum 27 Joer alen Haaptverdächtege si weiderhin onbekannt. Den Ament befënnt hie sech an engem Prisongs-Spidol, schweigt awer zu de Virwërf.

E Méindegmoie géint 7.30 Auer soll hien zwee Meedercher am Alter vun 13 a 14 Joer um Schoulwee mat engem Messer attackéiert hunn. Dat 14 Joer aalt Meedchen ass kuerz duerno u senge Blessure gestuerwen.