
Läschfligeren, déi zu Zwartberg am belsche Limburg stationéiert sinn, wäerten hir Basis verloossen. D'Fligere gehéieren der privater Gesellschaft Aquarius AFF, enger Filial vu Cargolux a ginn u verschidde Länner verlount, fir Bëschbränn ze bekämpfen.
De Problem ass, datt d'Piloten an der Belsch kaum Méiglechkeeten hunn, fir ze trainéieren. Fir mat de Fligere Waasser opzehuelen, brauche si Séien oder Flëss, op deenen dat erlaabt ass. Bis elo hunn awer divers Gemengen a Verwaltungen an der Regioun entspriechend Demandë refuséiert. Dat ass aktuell en Thema, dat an de belsche Medie fir gréisser Opreegung suergt.
De belsche Verdeedegungsminister Theo Francken kritiséiert déi Situatioun a fënnt et "inakzeptabel", datt esou Piloten néierens am Land op Séien, Kanäl oder Flëss trainéiere kënnen. Hien huet de Gouverneur vu Limburg beoptraagt, no Léisungen ze sichen.
No enger Reunioun tëscht dem Gouverneur an der Lëtzebuerger Firma soll elo eng Lëscht mat gëeegente Waasserflächen opgestallt ginn. Dobäi musse Sécherheetskrittären erfëllt sinn, ënner anerem eng fräi Waasserstreck vu ronn zwee Kilometer. De Gouverneur betount, dass e Widderstand vun de lokalen Autoritéite keen Thema wier. De Gouverneur erkläert awer, datt e méigleche Wiessel vum Standuert vun Aquarius AFF virun allem eng geschäftlech Entscheedung vun enger privater Firma wier.
Aquarius AFF huet nach e Kontrakt bis Enn dëst Joer zu Zwartberg, duerno plënneren déi véier Fligeren dann op Wien. Dat huet de Wieger Ketellapper, CEO vun Aquarius AFF op Nofro vu verschiddene flamännesche Medie bestätegt. Dat géif awer net ausschléissen, datt d'Belsch dës Fligeren och an Zukunft kéint lounen.
Den Ament vun de Bränn an den Héije Venn waren d'Fligeren iwwerdeems schonn am Ausland am Asaz. Wärend dem Summer wiere se dann och ni an der Belsch, ma géife just am Wanter zu Genk an engem Hangar iwwerwanteren, huet den CEO vun Aquarius AFF preziséiert.
Et wier ee wéinst de Bränn am Héije Venn och a Kontakt mat de belschen Autoritéite gewiescht, dëst fir e Fliger anzesetzen, deen aktuell zu Lëtzebuerg stationéiert ass. Et wier een awer zum Entschloss komm, dass d'Asazgebitt ze kleng gewiescht wier, fir nach e weidere Läschfliger anzesetzen. Et waren der jo schonn aus Schweden an d'Belsch geschéckt ginn, fir bei de Läschaarbechten ze hëllefen.
De Wieger Ketellapper huet dann och bestätegt, dass et en Vue vun den Trainingsméiglechkeeten gewësse Widderstänn vun de lokale belschen Autoritéite gouf. Allerdéngs misst ee bedenken, dass et an Nordeuropa zimmlech nei ass, dass sou Demandë fir sou Trainingsméiglechkeeten op de Gewässer gestallt ginn. Et hätt ee keng Erfarung domadder. Hie plädéiert dofir, dass vereinfacht Prozedure solle geschafe ginn, fir dass déi néideg Autorisatioune fir Trainingsflich kënnen ausgestallt ginn.