Ugrëff op Kurden an Nordost-Syrien gi quasi onkommentéiert weider
Zanter dem 20. November stinn d'Kurden am Nordoste vu Syrien op en Neits ënnert quasi permanenten Attacke vum tierkesche Militär.
Artilleriebeschoss, awer och Loftattacke mat Krichsfliger an Dronen, hu mëttlerweil och schonn erëm ronn Honnert Zivilisten d'Liewe kascht. Doriwwer eraus viséiert d'Tierkei zivil Infrastrukture wéi Schoulen a Spideeler. Déi autonom Verwaltung vun Nordost-Syrien riicht en dréngenden Appell un déi international Communautéit, d'Kurden elo – och an Zäite vum Ukrain-Krich – net opzeginn.
Den 13. November huet eng Fra am Zentrum vun Istanbul an der Tierkei eng Bomm ofgesat. Bei der Explosioun an enger vill besichter Akafsstrooss sinn op d'mannst 6 Persounen ëm d'Liewe komm an 81 goufen der verwonnt.
Iwwerraschend séier, knapp 24 Stonnen drop, hat den tierkesche Geheimdéngscht eng kurdesch Fra aus Nordost-Syrien als Attentäterin identifizéiert. Si a 46 presuméiert Komplize goufe festgeholl. Virun de Kamerae blouss gestallt, awer ouni Beweiser. Och e formellen Dementi vun de Kurde fënnt kee Gehéier. Ankara ass besiess drop, seng Versioun vun der Geschicht duerchzebeetschen a refuséiert eng Enquête vun internationalen, onofhängegen Experten.
De Modus operandi vum Attentat op Ziviliste war awer éischter dee vum IS an anere salafistesche Gruppen, mee Ankara verdeedegt weiderhi säin Agenda géint d'Kurden – an den Ae vun de betraffenen e Konspiratiounszenario. Den autoritäre President Erdogan geréit an de Verdacht, d'Attentat als Virwand ze huelen, fir eng nei Offensiv op d'Kurden. Den ugeschloenen, ale Mann ass ferm gefall an de Popularitéitswäerter an d'nächst Joer am Juni muss hie sech de Wale stellen. Eng nationalistesch Militäraktioun – als batter néideg duergestallt – stellt déi déifgräifend, wirtschaftlech Zukunftssuerge vum tierkesche Vollek an de Schied. Den Dr. Abdulkarim Omar – autonom Verwaltung vu Nordost-Syrien:
"Den Erdogan ass zu alles amstand. E profitéiert vum Krich an der Ukrain a stellt sech duer als Mediateur. E verkeeft deenen enge Waffe a widdersetzt sech engem Embargo op Russland, obwuel hien NATO-Member ass.
Mir wësse ganz genee, dass d'Attentat vum 13. November zu Istanbul vun islamisteschen Terroristen duerchgefouert gouf. A mir hunn och de Verdacht, dass den tierkesche Renseignement eng Roll dora gespillt huet. Fir e Pretext ze hunn. Well just 7 Deeg méi spéit huet d'Offensiv op d'Kurden a Syrien erëm ugefaangen.
Et dierf een och de politesche Chantage vum Erdogan net vergiessen am Kontext vum NATO-Bäitrëtt vu Finnland a Schweden, wou Kurde politesch Rechter a Fräiheete genéissen, a wou se elo gezwonge ginn, mat der Tierkei ze kooperéieren."
D'Kurden hunn als Koalitiounspartner vum Westen en deiere Präis bezuelt am Kampf géint den IS: 12.000 Zaldote si gefall, 30.000 goufen der verwonnt. Vun den Ziviliste guer net ze schwätzen. An nach ëmmer ass d'Communautéit ënner Drock, well an de kurdesche Prisonge weiderhi méi wéi 2.000 auslännesch IS-Terroriste sëtzen a 56.000 vu hire radikaliséierte Familljen an de Lager.
"Mir wëssen, dass d'Tierkei vum Erdogan sech net mat Loftattacken zefridde gëtt. Si plangt eng Invasioun, eng Buedemoffensiv an duerno eng Besatzung vu Stied wéi Kobane, déi eng symbolesch Bedeitung hu fir déi kurdesch Resistenz. Si wëllt déi kurdesch Populatioun vun do verdreiwen an duerch eng syresch-arabesch ersetzen. D'Kurde gi verdriwwen an Dschihadiste besetzen hir Haiser. Dat féiert zu engem Problem, net nëmmen am Noen Oste, mee och an Europa, mat weidere Migranten a Flüchtlingen.
De kurdesche Militär riskéiert de Kampf géint den IS an hir Schléiferzelle mussen opzeginn, fir der tierkescher Invasioun entgéint ze trieden. Wa mer déi Lager a Prisonge mussen opginn, kommen Terroriste fräi an dat féiert och erëm zu Terror an Europa."
En Dënschdeg huet den tierkesche President bekannt ginn, am Kontakt ze stoe mam Putin. Hien hätt de Kreml gefrot, Entscheedungen an Nordost-Syrien zesummen ze treffen an och um Terrain, dat heescht géint d'Kurden, zesummen z'agéieren. E bräicht kengem seng Erlabnis wa säi Land ënner Terrorgefor wier.
Et wier en iwwerraschend "wäit aus der Rei danzen" vum NATO-Member Tierkei, wann et dozou kéim. Ofgesinn dovun, dass Moskau den traditionellen Alliéierten ass vum President Bashar al-Assad am Syrienkonflikt, stellt sech d'Fro wéi glafwierdeg Ankara dann nach wier als selwer ernannte Mediateur am Ukrain-Krich.